About this Episode
Zu Gaascht an dëser Episode hu mir d’Graphikdesignerin Sarah Vermeulen. Hat erzielt eis iwwert d’Insights vun der Aarbecht als Freelancerin. Folgend Theme schwätze mir ënner anerem un:
Fiver: Blessing oder curse? Wat sinn d’Virdeeler vun der weltwäiter Freelance Plattform?
Wéi a wou mécht ee richteg Pub fir sech als Kënschtler:in z’etabléieren?
Social Media: Wéi gëtt ee mam Drock eens?
Wéi een Afloss huet d’Politik op d’Konschtzeen? Lëtzebuerger hunn Haudesdags extrem vill Réckewand fir Projeten ëmzesetzen!
Lidder déi an dëser Episode gefeatured goufen:
10:09 Luk – Traureg Mee Et Geet
21:33 Sixo ft. Irem – Gold
31:58 Turnup Tun ft. Lilou – De Gudden
___________
KulturPur ass ee Podcast vu culture.lu an Zesummenaarbecht mam Radio ARA & Podcast Host Cecilia Said Vieira. Et ass eng Plattform fir Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg z’ënnerstëtzen. An dësem Podcast gitt der gewuer, wéi vill Kreativitéit hannert eisem onscheinbare Land stécht – Heiduerch kritt dir een aaneren Abléck an eis lokal Kulturzeen. Vill Spaass beim Lauschteren!
Fir méi Input, Feedback oder Ideen: schreiwt dem Ceci op instagram.
-
Kultur Pur New […]