Show Times
Not Currently Scheduled.About the Show
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’Journalist*innen erklären, wisou hirt Thema wichteg ass an erklären wéi si bei der Recherche virgaangen sinn.
Episodes
Host
Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass […] […]
2023 louch d‘Zuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat d‘Police ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. D‘Affer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi d‘Verhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast […] […]
Dat dschihadistesch Attentat zu Solingen huet vill Diskussiounen opgewullt. Nieft Messere gëtt och iwwert den Dublin–Prozess an Ofschiebungen geschwat, esouguer een Asylstopp ass am Gespréich. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, datt dës Debatten eigentlech sënnlos sinn, well se déi wierklech Problemer net uginn, nämlech d‘Fro, wisou sech Leit radikaliséieren […] […]
Endometrios ass déi zweetheefegst gynekologesch Krankheet. Dacks sinn d‘Symptomer esou schlëmm, datt déi Betraffen hirem Beruff net méi richteg kënnen no goen. Eng nei Petitioun fuerdert elo, datt d‘Endometrios endlech als chronesch Krankheet unerkannt soll ginn – ausserdeem soll et méi Flexibilitéit op den Aarbechtsplaze ginn. Am Podcast erkläert eis nei woxx–Journalistin Melanie Czarnik, wat […] […]
Wëll Planzen si wichteg fir d’Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D’woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Dëse Projet, bei dem wëll Planzen ugebaut an da Geseems fir Wiseblummen fir landwirtschaftlech […] […]
D’Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi […] […]
Déi endgülteg Fassung vum nationalen Energie- a Klimaplang (Pnec) wéist, wat CSV an DP a Saache Klimaschutz virhunn. Dat si manner Ambitioune bei der Energieeffizienz a méi Hoffnung an technologesch “Wonnerléisungen”. Mir analyséieren dat am Podcast, an schwätzen och iwwer ee Waasserstoff-Projet, deen erëm aus dem Pnec verschwonnen ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat […] […]
Riedezäit an ëffentlech Kommissiounssëtzungen – wat steet um Plang vun der Chamber? […]
Auf Luxemburg kommt eine Rentendebatte zu. Die ist dieses Jahr genauso nötig wie letztes, denn die Investitionen des FDC sind immer noch nicht nachhaltig. Artikel: Fonds de compensation: Ein kleines bisschen Nachhaltigkeit […]