
About this Episode

Vum 31 Mäerz bis de 5ten Abrëll huet zu Esch d’EschTechWeek stattfonnt.
An deser Episode vu Radio Aktiv gin mer mei genau op verschidden Events vun der TechWeek an.
Dënstegs waren mer um Event Supreme Tech Court Junior an der Escher Gemeng, wou mer un engem Theaterstéck deelgeholl hun bei deem d’sozial Medien op de Uklobänk soutzen. Uschleissend hu merpuer Interviews mat de Leit sur place gemaache. Mam Hélène Moench vum Service Jeunesse vun Esch, dei fir d’Organisatioun vun der ganzer Woch zoustänneg waren. Mat dem Daria an dem Aurelia vum JugendInfoPunkt Esch an dem Escher Jugendhaus, an och hu mer mat hiere Stagiairen en Interview gemaach an nogefroot wei sie sech par rapport zu de sozialen Medien positionnéieren.
Samstegs ware mer um Oofschlossevent op der Gemengeplatz zu Esch. Hei ware mir vu Graffiti, de Jugendsendungen um Radio ARA och mat engem Stand vertrueden. Iwwert de ganze Samsteg Mëtteg waren hei Aktivitéite geplangt, wei eng Table Ronde iwwert d’Risiken an d’Virdeeler vum Gaming u sech, eng Band dei musikalesch MarioKart Rennen begleed hunn. An op der ganzer Gemengplatz ware e klenge Mart, wou souwuel Sammelartikelen aus der gesamter Gamingscene, wei och Gesellschaftspiller an aaner kleng Aktivitéiten ugebuede gi sinn.
Interviews mam Hélène Moench als Organisatioun vum Event, mat luxliga asbl a mat Letz-Smash asbl, dei hier GamerCommunautéite virgestalt hunn, mam Code Club Lëtzebuerg, dei Jonken am Coding stäerke wellen, an och mat Participanten vum Cosplay Concours, kennt der an deser Episode nach emol lauschteren.
Weider Impressiounen vum Event sinn och op eisem Instagram ze fannen
-
Radio Aktiv ass eng Sendung fir Jonker vun Esch, zum Deel och vun hinne selwer produzéiert […]