About this Episode
Autoren: Lucas Rolin, Chantal Boly
Foto © dokumentarESCH
Verschéck m’esch!
gëtt op eng fotografesch Manéier a Form vu Postkaarten d’Vue vu jonken Escher*innen op hir Stadt erëm.
– donne une vision photographique de la Ville d’Esch-sur-Alzette par le biais de cartes postales, réalisées par des jeunes eschois.
liewESCH
ass eng visuell a poetesch Rees duerch d’Stroosse vun der Stadt Esch-Uelzecht an iwwer de fréieren Industriesite Metzeschmelz.
Dës nei Editioun, déi am Kader vum intergenerationelle Schreiftatelier vum Lycée Bel-Val entstanen ass, versicht Verbindungen tëschent dem Gëschter, dem Haut an dem Muer ze knëppen. Si weist verschidde Facette vun der Stadt Esch matt hirem industriellen Iewen, de klassesche Gebaier an de Fassaden, déi mat faarwege Graffitië verschéinert sinn. Esou verschidde wéi d’Gebaier sinn och d’Bewunner an den Alldag vun der Stadt.
Ugeschwat ginn Themen ewéi den Alter, d’Liewen an der Stadt an d’Liewen u sech, d’Natur vun der Zäit, d'(Weider)Entwécklung an d’Emotiounen.
Déi poetesch Postkaarten wëllen en Impuls zum Nodenke ginn an invitéieren eis an hier Biller- a Gedankewelt anzedauchen.
Liewe bedeit Wandel!
– propose un itinéraire visuel et poétique à travers les rues de la ville d’Esch-sur-Alzette et l’ancien site sidérurgique Metzeschmelz.
Cette nouvelle édition, réalisée dans le cadre de l’atelier d’écriture intergénérationnel du Lycée Bel-Val, essaie de nouer des liens entre le passé, le présent et le futur, montrant différentes facettes de la ville d’Esch avec son héritage industriel, ses bâtiments classiques et ses façades embellies de graffitis colorés. Tout aussi variés que les bâtiments sont les habitants et le quotidien de la ville.
On aborde des thèmes tels que l’âge, la vie en ville et la vie en soi, la natur du temps, l’évolution et les émotions.
Les cartes postales poétiques visent à susciter la réflexion et nous invitent à nous immerger dans leur monde visuel et idéel.
La vie signifie changement, signifie évolution!
Participanten/Participants
Schüler*innen (CIP 1, Lycée Bel-Val): Stacy Cardoso, Erika Da Silva Oliveira, Ariana Da Silva Rodrigues, Cristiano Gomes Leal, Edney Maocha Morais, Kyran Mordiconi, Diego Pinto Henriques, Lucas Rolin, Damien Romano Da Silva, Mariana Santos Gonçalves, Jesly Soares Varela, Sabrina Wagner.
Senior*innen/Séniors: Jeanne Becker, Joëlle Bertante, Chantal Boly, Arlette Herr, Guy Kersch, Chantal Mertens, Gaby Siebenaler, Sylvie Stefani, Ninette Terzer, Charlotte Urbani.
Pedagog*innen/Pédagogues: Jan Guth & Sandrine Hoeltgen
Verschéck m’esch! Ass Deel vum Projet dokumentarESCH, dee sech op auditiv, kënschtleresch, schrëftlech, a visuell Manéier mam Liewen an de Leit vun der Stadt Esch-Uelzecht ausernee setzt. D’Träger sinn d’Escher Bilbiothéik an de Photo-Club Esch.
Verschéck m’esch! fait partie du projet dokumentarESCH, qui traite de la vie et des habitants de la ville d’Esch-sur-Alzette de manière auditive, artistique, écrite et visuelle. Les porteurs de projets sont : la Escher Bibliothéik & le Photo-Club Esch.
-
Radio Aktiv ass eng Sendung fir Jonker vun Esch, zum Deel och vun hinne selwer produzéiert […]