loader image

Radio ARA

Fënnefopzwielef: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?

Fënnefopzwielef: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?

Episode Info

Show: Fënnefopzwielef
Episode Number: 1
Broadcasted: 16:00
  on 31st March 2023

 

About this Episode


Fënnefopzwielef
Fënnefopzwielef
Fënnefopzwielef: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?
Loading
/

Laly an Jasmine leeden iech haut duerch déi alleréischt Episod vum move.Podcast “fënnefopzwielef”. Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod vun der neier Staffel driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou Schüler:innen sech an hirer Schoul engagéieren.

Méi Infoen zu de Jugendorganisatiounen a -gruppen an eisem Podcast: Jugend ParlamentCNEL – Conférence Nationale des Élèves du LuxembourgLRSL_Actionteam4future

Du wëlls selwer aktiv ginn, dech mat anere Jonken zesummendoen an ufänken eppes ze veränneren? Da komm einfach ganz onverbindlech op eis Versammlung laanscht, ëmmer mëttwochs um 17.30 Auer am Oekozenter Pafendall. Mir freeën eis op dech!

Show
 
 

No Shows were found to display.