Bistro – 15.09.2025 – Nicolas – Philip Crowther am Bistro
DE PHILIP CROWTHER AM INTERVIEW Wousst dir dass de Philip Crowther – Reporter, Kommentator, a multilingual social media Sensatioun – seng éischt Journaliste-Schrëtt mam Radio ARA gemaach huet? Am Gespréich mam Nicolas Calmes, live am Bistro chez Nicolas, zielt hie souwuel vun senger deemoleger Emssioun – d’Studentesendung De Lexikon – wéi vu sengen Erfarungen als Korrespondent vu Washington fir Associated Press. Weiderhi schwätzen déi zwee iwwert mangelt amerikanesch media literacy a recommandéieren vertrauenswürdeg Noriichte-Siten. An: de Spëtzejournalist verréit seng Tricks…






