loader image

Radio ARA

06:00 – 06:30 Wake Up Easy
06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles
09:30 – 10:00 ARA City Set List
10:00 – 13:00 Natasha's Midmorning
13:00 – 14:00 On Air with Tim & Lama
14:00 – 15:00 Graffiti: Music Mix
15:00 – 16:00 Graffiti: Kachkéis Kultur
16:00 – 17:00 Graffiti: Hot Topics
17:00 – 18:30 Bistro mam Nicolas
18:30 – 20:00 Bloe Baaschtert mam Doc
20:00 – 22:00 Metal Mayhem mam Jang
22:00 – 22:30 Radio ART mat Radia fm

Monday 19.01. Tuesday 20.01.

23:30 – 00:30 Midnight Country mam Lexy

Tuesday 20.01.

00:30 – 06:00 A Mad Tea Party with The Mad Hatter

Tuesday 20.01.

06:00 – 06:30 Wake Up Easy

Tuesday 20.01.

06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles

Tuesday 20.01.

09:30 – 10:00 Mom Actually

Tuesday 20.01.

10:00 – 13:00 Tuesdays with Aljaz

Tuesday 20.01.

13:00 – 14:00 In Plain Romanian

Tuesday 20.01.

14:00 – 15:00 Graffiti: Music Mix

Tuesday 20.01.

15:00 – 16:00 Graffiti: Lux Playlëscht

Tuesday 20.01.

16:00 – 17:00 Graffiti: Music Mix

Tuesday 20.01.

17:00 – 18:30 Bistro mam Nicolas

Tuesday 20.01.

18:30 – 19:30 Partnerradios: izw3 südnordfunk

Tuesday 20.01.

19:30 – 20:00 Dive in with (e)me mat EME Lëtzebuerg

Tuesday 20.01.

20:00 – 22:00 Head in the Clouds mam Michael & Giuseppe

Tuesday 20.01.

22:00 – 23:00 Nightswimming with Bartek

Tuesday 20.01. Wednesday 21.01.

23:00 – 00:00 Open Pop mam Mario

Wednesday 21.01.

00:00 – 06:00 A Mad Tea Party with The Mad Hatter
06:00 – 06:30 Wake Up Easy
06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles
09:30 – 10:00 ARA City Set List
10:00 – 13:00 Natasha's Midmorning
13:00 – 14:00 On Air with Tim & Lama
14:00 – 15:00 Graffiti: Music Mix
15:00 – 16:00 Graffiti: Kachkéis Kultur
16:00 – 17:00 Graffiti: Hot Topics
17:00 – 18:30 Bistro mam Nicolas
18:30 – 20:00 Bloe Baaschtert mam Doc
20:00 – 22:00 Metal Mayhem mam Jang
22:00 – 22:30 Radio ART mat Radia fm

Monday 19.01. Tuesday 20.01.

23:30 – 00:30 Midnight Country mam Lexy

Tuesday 20.01.

00:30 – 06:00 A Mad Tea Party with The Mad Hatter

Tuesday 20.01.

06:00 – 06:30 Wake Up Easy

Tuesday 20.01.

06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles

Tuesday 20.01.

09:30 – 10:00 Mom Actually

Tuesday 20.01.

10:00 – 13:00 Tuesdays with Aljaz

Tuesday 20.01.

13:00 – 14:00 In Plain Romanian

Tuesday 20.01.

14:00 – 15:00 Graffiti: Music Mix

Tuesday 20.01.

15:00 – 16:00 Graffiti: Lux Playlëscht

Tuesday 20.01.

16:00 – 17:00 Graffiti: Music Mix

Tuesday 20.01.

17:00 – 18:30 Bistro mam Nicolas

Tuesday 20.01.

18:30 – 19:30 Partnerradios: izw3 südnordfunk

Tuesday 20.01.

19:30 – 20:00 Dive in with (e)me mat EME Lëtzebuerg

Tuesday 20.01.

20:00 – 22:00 Head in the Clouds mam Michael & Giuseppe

Tuesday 20.01.

22:00 – 23:00 Nightswimming with Bartek

Tuesday 20.01. Wednesday 21.01.

23:00 – 00:00 Open Pop mam Mario

Wednesday 21.01.

00:00 – 06:00 A Mad Tea Party with The Mad Hatter
[mobile-track-display]

Am Bistro mat der woxx

Umgehungsstrooss Niederkerschen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Zanter Jorzéngten gëtt zu Niederkerschen iwwer eng Umgehungsstrooss diskutéiert. Elo hält d’Regierung trotz staarker Kritik un de Pläng fest: D’Bauaarbechte sollen ufänken, nach éier e Geriicht iwwer eng ageleet Klo entscheet huet. D’Trass géif duerch geschützte Bësch- a Natura-2000-Gebidder féieren an hannerléisst no Meenung vun Aktivist*innen irreversibel Schied un Natur, Biodiversitéit an Liewensqualitéit. D’Biergerinitiativ Gemeng Suessem (Bigs) bezweifelt dobäi net nëmmen d’Kompensatiounsmoossnamen, mee och d’Grondargumenter vun der Regierung. Iwwer d’Geschicht vum Projet, d’Alternativen zur Trass an d’juristesch Klo, schwätzt d’María […]

EU-Mercosur-Abkommen: Endspurt

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. No Joerzéngte vu Verhandlungen kéint d’EU-Mercosur-Abkommen elo séier Realitéit ginn. An enger geopolitësch ugespaanter Situatioun huet Italien seng Blockade opginn – domat ass eng qualifizéiert Majoritéit am EU-Rot erreechbar, an eng Ënnerschrëft kéint schonn an de kommende Deeg erfollegen. Mä d’Kritik ass grouss: Ëmweltschutz-NGOen, landwirtschaftlech Verbänn an indigen Communautéiten a Südamerika warnen viru méi Offorchtung, steigenden Emissiounen an onfaire Konkurrenz fir europäesch Baueren. Iwwer d’politesch Dynamiken, d’Roll vun der Landwirtschaft an d’Froen, wien vum Abkommen profitéiert, schwätzt de Joël Adami

Wunderwaffe CO2-Speicher?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. CO₂ ofschäiden, späicheren oder notzen – dës Technologien ginn zanter Joren als méigleche Wee aus der Klimakris gehandelt. Kritiker*innen gesinn doranner awer virun allem eng Strategie, fir strukturell Verännerungen ze vermeiden. Elo wëll och d’CSV-DP-Regierung op dëse Wee setzen a schafft un engem Aktiounsrahmen zu CCS, CCU an CDR. Wéi gesäit d’Realitéit vu CO₂-Späicherprojeten aus, déi weltwäit lafen – a firwat profitéiert d’fossil Industrie dovun esou dacks? A wéi seriö sinn d’Pläng, CO₂ och am lëtzebuergesche Buedem ze späicheren, obwuel

Bodenschutz: Op wackelegem Buedem

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Gesond Biedem si fundamental fir d’Biodiversitéit, d’Liewensmëttelsécherheet an de Klimaschutz – a stinn dach laang am Schiet vun aneren Ëmweltthemen. Mat enger neier EU-Direktiv soll sech dat änneren: Zanter dem 16. Dezember ass fir d’éischt e gemeinsaame Kader fir d’Iwwerwaachung vun der Buedemqualitéit a Kraaft. Mä geet dat wäit genuch?Iwwer degradéiert Biedem, versiegelt Flächen, politesch Kompromësser an d’Grenze vun engem Gesetz, dat éischter observéiert wéi schützt, schwätze de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui an dëser Episod. Den Artikel, iwwert

De laange Wee zur barrièrefräier Kultur

Vill ëffentlech Kulturhaiser kënne mat engem Rollstull besicht ginn, well si esou ëmgebaut goufen, datt dat méiglech ass. Mä iwwerall do, wou d’Kultur méi am Ënnergrond ass – zum Deel wuertwiertlech, nämlech am Keller – ass dat schwéier bis onméiglech. An dëser Episod vum Podcast erkläert d’Melanie Czarnik, wisou grad dacks déi klengste Kultur-Veranstalter*innen net barrièrefräi sinn. Ee Problem, deen sech an deenen nächste Joer léise soll, bis 2032 nämlech. Et ginn awer Leit, déi net esou laang waarde wëllen, an och iwwert deenen hir Petitioun geet riets. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Barrierefreie Kultur  

Antirassismus: E Plang ouni Bëss?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d’Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Verständnis dovun, wéi systemesche Rassismus a Luxemburg wierklech funktionéiert. An dëser Episod schwätzt d’Melanie Czarnik iwwer déi gréisste Schwachstellen: feelend Intersektionalitéit, e Kultursecteur, deen am Plang kaum virkënnt, an eng Strategie, déi vill sensibiliséiert, mee wéineg verpflicht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat

D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng COP, déi Raum fir Protest, Diversitéit an eng staark Stëmm vun indigenen Communautéiten hätte bidden. Trotz e puer klengen Erfolleger bleift vill onsécher: keen kloeren Ausstieg aus de fossillen Energien, kee Fortschrëtt beim Waldschutz an eng ganz EU, déi sech

Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg?

Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den “working poor” ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht aarm a räich, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt – an dat net ouni Konsequenze fir de sozialen Zesummenhalt. Natierlech steet beim Thema Aarmut och de Wunnengsmaart um Programm, an d’Fro, wéi vill Hëllefe vum Staat wierklech

Deux ans de gouvernement CSV-DP : Dialogue en panne

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Deux ans après l’arrivée au pouvoir du gouvernement Frieden, le dialogue social semble au point mort. Ministres critiqué·es, tensions avec les syndicats, rumeurs de remaniement…Le journaliste Joël Adami revient avec Fabien Grasser sur un article qui dresse le bilan d’un exécutif accusé de gouverner sans concertation – et s’interroge sur les fractures qui traversent la coalition CSV-DP. L’article dont nous parlons : Deux ans de gouvernement CSV et DP : Pas de madeleine de Proust pour Frieden

Vum Kyoto-Protokoll bis COP30

Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D’Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d’Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d’Welt haut steet an

D’Robotaxi-Illusioun

Episod 358 – D’Robotaxi-Illusioun All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm eng Zukunftsvisioun, déi ëmmer méi no kënnt: automatiséiert Fueren. D’Regierung huet d’Strategie „Automatiséiert Fueren 2028“ presentéiert an domat grouss Pläng ugekënnegt – bis hin zu Robotaxien op eise Stroossen. Awer wéi realistesch ass dat wierklech?De Journalist Joël Adami erkläert, wat hannert der neier Strategie stécht, wéi autonom déi sougenannt selbstfuerege Gefierer tatsächlech sinn an ob se d’Mobilitéitsproblemer am Land léise kënnen oder se éischter verschäerfen. Den Artikel, iwwert dee mir

Iwwert Suizid schwätzen léieren

Episod 357 – Iwwert Suizid schwätzen léieren All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. An dëser Episod geet et ëm e schwéiert, mä wichtegt Thema: Suizidpräventioun. D’Ligue luxembourgeoise d’hygiène mentale huet eng nei Formatioun gestart, déi dozou bäidroe soll, datt méi Mënschen léieren, wéi ee mat Persounen an enger suizidaler Kris ëmgeet. D’Melanie Czarnik war dobäi an erzielt, wéi esou eng Formatioun ofleeft an wat se bewierke kann. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Suizidprävention: Über Suizidalität sprechen lernen

D’Moossname fir d’CNS si just eng Plooschter

D‘Quadripartite huet d‘Gesondheetskeess CNS net gerett, mä just dofir gesuergt, datt de System elo weider zwee Joer ka lafen. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser wat decidéiert ginn ass a wisou déi Mesuren awer warscheinlech just zwee Joer laang dofir suerge wäerten, datt sech d‘finanziell Lag vun der CNS verbessert. Mir schwätzen och iwwert Revendicatioune vun der AMMD, déi zum Deel e bësse konfus sinn, an doriwwer wisou d‘Doktesch– an Zänndokteschassociatioun d‘Konventioun mat der CNS wëll kënnegen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Deux ans de sursis pour la caisse de maladie

Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt

Kënschtlech Intelligenz: D’Folgen fir d’Ëmwelt All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Wéi vill Energie verbraucht Kënschtlech Intelligenz a firwat gëtt doriwwer esou wéineg geschwat?Et geet ëm gigantesch Rechenzentren, risege Stroumverbrauch an e Klimafoussofdrock, deen dacks verschleiert gëtt. De Joël Adami erkläert, wéi „Kënschtlech Intelligenz“ d’Klimakris befeiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Energieverbrauch von Rechenzentren: „Künstliche Intelligenz“ befeuert die Klimakrise  

Marschmusek amplaz Techno-Beat? Wisou d’Arméi ee Stand um LOA hat

Bei der leschter Editioun vum Lëtzebuerger Technofestival „Luxembourg Open Air“ hat d’Arméi ee Stand fir jonk Leit ze rekrutéieren. Wéi dat bei „Peace Love Unity Respect“, de Motto vun der Technozeen, passe sollt, wollt eng Lieserin vun der woxx wëssen. De Fabien Grasser huet probéiert, dat erauszefannen – an huet fir d’woxx analyséiert, wéi d’Recrutementsstrategie vun der Lëtzebuerger Arméi amgaangen ass, sech ze veränneren. Dat ass een Ausdrock vun enger méi grousser Militariséierung, déi een och zu Lëtzebuerg spiert. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Recrutement militaire : La musique qui marche au pas…

Lipödem: Beine wie Blei

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm d’Krankheet Lipödem, eng Fettverdeelungsstéierung, déi bal ausschliisslech Fraen a Persoune betrëfft, déi „assigned female at birth“ waren. Vill Betraffen leiden ënner schwierege Schmäerzen an enger schlechter Liewensqualitéit – dacks ouni datt d’Gesondheetssystem se eescht hëlt. An Däitschland iwwerhuelen d’Keesen ab 2026 d’Käschte fir eng chirurgesch Behandlung, zu Lëtzebuerg ass dat nach ëmmer net de Fall. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin Melanie Czarnik, wat hannert der Krankheet stécht, firwat d’Politik sech esou schwéier deet a wéi eng

Wasserstoff made in Luxembourg: Das Pilotprojekt Echo-Wave

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   Dës Woch geet et ëm e wichtege Schrëtt an der Energiewend zu Lëtzebuerg: Mat „Echo-Wave“ soll tëscht Kehlen a Keispelt déi éischt lokal Produktiounsanlag fir nohaltege Waasserstoff entstoen. Ab 2027 kéint do gréngen Energiecarrier hiergestallt ginn, virun allem fir d’Industrie an d’Logistik. Am Podcast erkläert d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui, wéi realistesch d’Pläng sinn, wat d’Bedeitung vum Projet fir d’national Strategie ass a wou nach Froenzeechen bleiwen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Der Traum der eigenen Herstellung

Flüchtlinge maachen op onhaltbar Zoustänn an ONA-Strukturen opmierksam

Dës Woch hu Flüchtlinge mat engem oppenen Bréif an enger Pressekonferenz op déi onmënschlech Liewensbedingungen an de Strukture vum ONA, wou si ënnerkomm sinn, opmierksam gemaach. Si hu keng Privatsphär, dacks ass d‘Hygiène schlecht an d‘Sécherheet, besonnesch vu Fraen, net garantéiert. Am Podcast erkläert d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui, wéi si déi Kritik anuerdent a wisou dës Zoustänn ee Symptom fir ee gréissere Problem zu Lëtzebuerg sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Mut in der Not

Wirtschaftlech Interessen a Protester – D’Verbindungen tëscht Lëtzebuerg an Südafrika zur Zäit vun der Apartheid

Den 10. September ass et 40 Joer hir, datt op engem Treffe vun den EG-Ausseminister*innen iwwert Sanktioune géint Südafrika geschwat ginn ass. Mir hunn dat als Ulass geholl, fir zeréckzekucken op déi wirtschaftlech Verflechtungen tëscht Lëtzebuerg a Südafrika wärend der Zäit vun der Apartheid. Et gouf awer net just eng Fluchlinn a vill Relatioune mat der Finanzplaz, mä och Protest do dogéint. D’woxx-Matgrënnerin an Historikerin Renée Wagener erkläert am Podcast d’Detailer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Geschäft mit der Apartheid: Ein schwerer Abschied

D’Enn vu Windows 10: Wat elo?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Den 14. Oktober 2025 stellt Microsoft de Support fir säi Betribssystem „Windows 10“ an. Weltwäit kéinten da Millioune funktionéierend Computeren zu Elektroschrott ginn – och hei zu Lëtzebuerg. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwert d’Konsequenzen vum Support-Enn, d’Alternativen zu engem forcéierte Computerwiessel – a firwat sech e Bléck op Linux lount. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Müllberg by Microsoft

Eliteschule für Massenmörder: Die ehemalige NS-„Ordensburg“ Vogelsang

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   Zwou Stonnen vun der Stad ewech, an der idyllescher Eifel, steet eng imposant NS-Hinterloossenschaft: d’„Ordensburg Vogelsang“. Wat wéi e Monument ausgesäit, war tatsächlech eng Eliteschoul fir déi nationalsozialistesch Administratioun. An dëser Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami mam Auteur vum Artikel, Thorsten Fuchshuber, iwwert seng Recherchen, d’Geschicht vum Site – an d’Fro, wéi mat esou engem Täterort haut pedagogesch a gesellschaftlech ëmgaange ka ginn.  Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Architektur der Herrenmenschen  

Agriculture biologique : Résistance préventive à Arlon

Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles.   Chaque semaine, le podcast de la woxx vous offre un regard en coulisses sur notre travail journalistique et explore les enjeux derrière nos articles. Cette fois-ci, direction Arlon, où un collectif citoyen tente de sauver un champ cultivé en bio, menacé par un projet de complexe sportif. Entre spéculation foncière, pression immobilière venue du Luxembourg et résistances locales, cette histoire raconte bien plus qu’un conflit d’aménagement : elle met en lumière les tensions entre modèle

PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D’PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der woxx schwätze mir iwwert d’Herkunft vun de PFAS, hir Gesondheetsgeforen an déi massiv Lobbyaarbecht, déi dozou bäidréit, dass déi geféierlech Stoffklas nach ëmmer net konsequent ageschränkt gouf. Mir zéien e Fazit vun eisem véierwochenege PFAS-Dossier a kucken no vir. Lauschtert

Wat heescht d’Klimaschutz-Gutachte vum IGH fir Lëtzebuerg?

De leschte Mëttwoch huet den Internationale Geriichtshaf (IGH) zu Den Haag een historescht Gutachte verëffentlecht. Et geet dobäi ëm d‘Verantwortung zum Klimaschutz vun alle Staaten, an ëm d‘Fro, ob Schuedenersatzfuerderunge méiglech sinn. A béide Froe war d‘Äntwert vum IGH jo. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wéi dëst Urteel bewäert gëtt a wat et fir Lëtzebuerg heesche kéint. Kommen elo och Klimakloen op de Grand–Duché duer, a wisou huet Lëtzebuerg eng historesch Verantwortung, wat d‘CO2–Emissiounen ugeet? Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pflicht zum Klimaschutz

Was ist toxische Männlichkeit?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Toxesch Männerbilder sinn net just eng Saach vu Social Media. Wat Influencer op TikTok verbreeden oder Parteien a Walcampagnen zementéieren, huet och en Impakt op jonk Männer hei am Land – op hiert Selbstbild, hiert Verhalen an hir Gesondheet. D’Melanie Czarnik ass der Fro nogaangen, wéi sech toxesch Männlechkeet zu Lëtzebuerg bemierkbar mécht – a wien dru schafft, dës Rollenbiller ze duerchbriechen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Patriarchale Männlichkeit: jung, männlich, toxisch?

Wou sinn iwwerall Ewigkeitschemikalien zu Lëtzebuerg?

Am Reemantel, an der Pan, am Läschschaum vun de Pompjee an an dausend anere Saachen. Déi sougenannt Ewigkeitschemikalien, och als PFAS bekannt, sinn iwwerall. Dat heescht awer och, datt sech hir Ofbauprodukter mëttlerweil iwwerall erëmfannen, besonnesch am Waasser: An eise Flëss a Bachen, am Grondwaasser an och am Krunnewaasser. Eng méintlaang Recherche vun der woxx wéisst, wou d‘PFASen iwwerall virkommen. Wéi geféierlech ass dat? Wéi si mir bei der Recherche virgaangen? Wouriwwer wäerte mir an deenen nächsten Deeler schwätzen? Dat alles gitt dir an dëser Podcastepisod gewuer. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien in Luxemburg (1/4): Auf immer und ewig

Psychische Gesundheit und LGBTQIA+

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. D’mentalt Wuelbefanne vu queere Persounen ass net nëmmen eng Fro vun Therapieplazen. Wat a Budapest oder Washington geschitt, huet och en Impakt op Lëtzebuerg – op d’Liewensqualitéit, op d’Sécherheetsgefill, op d’Gesondheet. D’Melanie Czarnik huet mat Fachleit, Aktivist*innen an der Communautéit geschwat, fir erauszefannen, wéi queerfeindlech Politik sech op d’Psyche vu Mënschen hei am Land auswierkt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Queere psychische Gesundheit

Wéi ka Sport fir jiddereen*t sinn?

„Design for all“ heescht eng Philosophie, mat där Barrierefräiheet net just nodréiglech agebaut, mä vun Ufank u matgeduecht soll ginn. Och am Sport kann een*t dat ëmsetzen – wann een*t just wëll. D’Melanie Czarnik wat sech de Gym „Iron Sparks“ ukucken, deen dat zu Esch op enger neier Plaz ëmsetzt. Nieft deene praktesche Saache ginn et awer och an der Virgoensweis vill Saachen, déi ee beuechte muss, fir eng Atmosphär ze schafen, an där jiddereen*t wëllkomm ass. Wéi dat geet, beschwätze mir an dëser Episod. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Inklusion im Sport: Design für alle

Am Bistro mat der woxx #339 – Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg zur Transparenz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Was mit einem Projekt zur Verkehrssicherheit begann, wurde zum Symbolfall für Intransparenz und Machtspiele in der Kommunalpolitik. In dieser Episode sprechen wir über die sogenannte Zebrastreifen-Affäre. Jahrelang weigerte sich die Stadt Luxemburg, dem Zentrum fir urban Gerechtegkeet (Zug) Dokumente freizugeben, die eigentlich für die Öffentlichkeit bestimmt waren. Vor kurzem wurde das endgültige Urteil gesprochen.Joël Adami hat den Fall von Anfang an begleitet und ordnet ein, was dieses Urteil bedeutet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Zebrastreifen-Affäre: Der lange Weg

Mam Platzverweis renforcé an den autoritäre Staat?

An dëser Episod schwätze mir iwwert de Gesetzesprojet vum Platzverweis renforcé, dee vill Kritik krut. Dat Thema steet awer net eleng fir sech, mä wéisst op eng gréisser Entwécklung hin, déi ganz besuergneserreegend ass. Et gëtt net nëmmen ëmmer méi schwiereg, als aarm Persoun am ëffentleche Raum ze existéieren, mä och fir Aktivist*innen a Journalist*innen kéint et séier geféierlech ginn. D’María Elorza erkläert, wat déi wichtegst Kriticken um Platzverweis sinn, wien se geäussert huet a wat den Zesummenhang mat anere geplangte Gesetzer ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Sozialpolitik: Von einem Platz auf den anderen

Onhygieenesch Zoustänn a Lëtzebuerger Flüchtlingsstrukturen

Ee Bericht vum Lëtzebuerger Flüchtlingsrot wéist op schlëmm Conditiounen an de Strukturen, déi Flüchtlingen zu Lëtzebuerg ophuelen, hin. D’woxx-Journalistin María Elorza konnt de Bericht liesen, an och aner Dokumenter, wéi zum Beispill Fotoen, gesinn. Do ass ze gesinn, datt d’Liewenskonditiounen an deene Strukture schlëmm sinn, sou ginn et ganz onhygieenesch Sanitäranlagen, mä awer och Problemer mat der Sécherheet a quasi keng Privatsphär. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wisou déi Conditiounen net de Standarde vun der EU entspriechen a wien am Fong zoustänneg ass, fir déi Strukturen ze iwwerpréiwen. Ausserdeem gi mir op d’Fro an, wisou Journalist*innen an ONGen net an

Wéi vill Klimaschutz wëll d’Lëtzebuerger Bevëlkerung?

Eng rezent Etüd vum Observatoire de la politique climatique huet d’Leit zu Lëtzebuerg gefrot, wéi si zur Klimapolitik stinn. An d’Majoritéit vun der Bevëlkerung ass fir méi Klimaschutz. D’María Elorza huet sech d’Etüd ugekuckt a schwätzt am Podcast iwwert d’Detailer vun de Resultater. Sou gëtt et net nëmmen Ënnerscheeder tëscht jonk an al, mä och tëscht aarm a räich. Dës Resultater spigelen sech och international erëm: Do sinn et 89 Prozent, déi méi staark Klimaschutzmoossname wëllen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Meinungsumfrage: Der Klimaschutzkonsens

Frae-Selbstschutz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Dës Woch geet et ëm Frae-Selbstschutz: Tëscht Krav Maga, Orange Week a politescher Verantwortung stellt sech d’Fro, wat esou Coursë wierklech bréngen – a wat se net kënnen. Melanie Czarnik huet mat Trainer*innen an Expert*innen geschwat, an erzielt, firwat et heiansdo e Gefill vu Sécherheet gëtt, ouni dass d’Strukturen sech änneren.

Eng lëtzebuergesch Delegatioun an der Ukrain

D’lescht Woch waren d’Arméisministesch Yuriko Backes an de Bausseminister Xavier Bettel vir een Dag an der Ukrain. Mat dobäi war och ee Grupp Journalist*innen, ënnert hinnen och den Thorsten Fuchshuber vun der woxx. Hien erkläert am Podcast, wisou dës Rees stattfonnt huet, wisou d’DP-Minister*innen dës Kéier och d’Press invitéiert haten a wéi déi lëtzebuergesch Delegatioun an der Ukrain empfaange ginn ass. Hien erzielt awer och vu sengen Andréck a gëtt eng Aschätzung iwwert dat Ofkommes iwwert seelen Ierden, dat d’Ukrain mat den USA ofgeschloss huet.

Am Bistro mat der woxx #332 – Schlaganfall in jungen Jahren

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   E Schlaganfall kënnt dacks aus dem Näischt – a fir vill Betraffener schléit en tatsächlech aus heiterem Himmel. An dëser Episod schwätze mir iwwert e wichtegt awer nach ëmmer ënnerschatte Gesondheetsthema: Firwat gëtt et ëmmer méi jonk Mënschen, déi en Schlaganfall erliewen? D’Melanie Czarnik huet sech mat der Presidentin vum Blëtz a.s.b.l. ënnerhalen an erkläert, wéi wichteg séiert Handelen a gesellschaftlech Opklärung an deem Kontext sinn. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Schlaganfall: Aus heiterem Himmel

Am Bistro mat der woxx #330 – Digitale Abhängigkeit

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Déi meescht Software, déi zu Lëtzebuerg an der Verwaltung benotzt gëtt, kënnt vu grousse US-Techkonzernen – Microsoft, Google, Amazon a Co. A mat engem Trump, dee rem an der Regierung ass, stellt sech d’Fro: Wat passéiert, wann dës Konzerner op eemol net méi wëllen oder däerfen? D’Regierung gesäit kee grousse Risiko, mä aner Länner wéi Däitschland oder Holland huelen d’Saach méi eescht. Wat heescht technologesch Souveränitéit iwwerhaapt? Firwat kéint Open Source eng Léisung sinn? A wéi eng Alternativen ginn et fir

Online-Psychotherapie ass nëtzlech, mä wisou gëtt se net rembourséiert?

Et gi vill Grënn, fir eng Psychotherapie-Sëtzung per Videokonferenz ofhalen ze wëllen: Et ass een*t a senger Mobilitéit ageschränkt, et huet een*t eng ustiechend Krankheet oder sëtzt esou déif an enger Depressioun oder Angschtstéierung, datt een*t grad net virun d’Dier kann. Egal wéi: Dacks sinn et déi Krisemomenter, wou et besonnesch wichteg wier, fir Therapie kënnen an Usproch ze huelen. Mä zu Lëtzebuerg ginn dës Online-Sëtzungen net vun der Gesondheetskeess CNS rembourséiert. An dat, obwuel sech am Fong jiddereen – Psychotherapeut*innen, Patient*innen, CNS a Gesondheetsministère – eens ass, datt dat sënnvoll wier. Wisou ass dat esou? D’Melanie Czarnik huet dat

Am Bistro mat der woxx #328 – Kein Begehren? Kein Problem! Asexualität und Aromantik

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Asexualitéit – e Wuert, dat fir vill Leit nach onbekannt ass. Awer fir aner ass et eng wichteg Identitéit, déi se endlech beschreift. Am Podcast vun haut schwätze mir doriwwer, wat et heescht, keen sexuellt Verlaangen ze spieren, firwat dat näischt mat Krankheet ze dinn huet, a firwat et Zäit ass, dass och d’‘A‘ am LGBTQIA+ gesi gëtt. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Asexualität und Aromantik: Wer A sagt  

Wéi Senior*innen sech an d’Klimabeweegung abréngen

Bei der Klimabeweegung denkt een*t vläicht als éischt u jonk Leit, déi Freides op d’Strooss ginn oder sech op d’Strooss pecht. Zu Lëtzebuerg waren dës zwou Aktiounsformen zwar ni immens staark, mä trotzdeem dominéieren esou Biller den ëffentlechen Discours. Mä et ginn och ganz aner Klimaaktivist*innen, déi och mat anere Methode schaffen. Esou zum Beispill d’Klimasenior*innen, ëm déi et dës Woch am Podcast geet. Engersäits ginn et d’Klimaseniorinnen aus der Schwäiz, déi eng grouss Victoire zu Stroossbuerg virum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter errongen hunn. Wat dat Urteel bedeit a wat d’Schwäiz elo maache muss, erkläert d’María Elorza am Podcast. Si

Wann den Dierwiechter an d’Flüchtlingsheem kënnt …

Zu Lëtzebuerg gëtt et ee Mangel u Plazen a Strukture fir Leit, déi geflücht sinn. Zesumme mat dem extrem iwwerlaaschte Wunnengsmaart feiert dat zu Situatiounen, datt Leit aus de staatleche Strukturen expulséiert ginn. Hir eenzeg ëffentlech Alternativ ass dann déi sougenannt Maison de retour – oder d’Wanteraktioun. Am Podcast erkläert d’María Elorza, wéi et zu dëser Situatioun komm ass a wéi se sech warscheinlech entwéckele wäert. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Politique d’asile : Signaux d’alerte.

D’Situatioun vun de Roma zu Lëtzebuerg

Et gi vill Virdeeler iwwert Roma, an zu Lëtzebuerg sinn dës besonnesch staark, wéi déi rezent Diskussiounen iwwert Heescheverbuet gewisen hunn. De Fabien Grasser huet fir d’woxx mat zwou Associatiounen, déi sech d’Roma zu Lëtzebuerg an an der Grenzregioun asetzen, geschwat. Hien erkläert am Podcast, wat Problemer a Virurteeler sinn a wat fir Widderstänn et an der Lëtzebuerger Politik gëtt, zum Beispill géint eng aire de transit. Mir schwätzen awer och doriwwer, wat eng Roma-Associatioun um Festival des Migrations mécht a wat d’Besicher*innen vun hirem Stand erwaart. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Roms du Luxembourg : l’État aux

Wisou Logement ee feministescht Thema ass

De Wunnengsproblem zu Lëtzebuerg ass grouss – eng Tatsaach, där sech déi meescht Leit wuel bewosst sinn. Wéineger bekannt ass awer, datt de Logement och ee feministescht Thema ass. Wisou dat esou ass, erkläert d’Tatiana Salvan an dëser Episod vum woxx-Podcast. Et geet ëm Diskriminéierung, Lounënnerscheeder an d’Fro, wat d’Politik ënnerhëlt. Ausserdeem stelle mir d’Fuerderunge vun der Plattform JIF, déi de Logement dëst Joer zu engem vun hiren Haapttheme gemaach huet, méi genee vir. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Le logement, source d’inégalités entre les sexes

Méi a méi séier bauen: Op Käschte vun der Natur?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.   An dëser Episod schwätzt de Joël Adami mat der Melanie Czarnik iwwer d’Reform vum Naturschutzgesetz an d’Kritik, déi dës mat sech bréngt. Wéi kann d’Regierung d’Natur schützen a gläichzäiteg méi Wunnraum schafen? A geet et hei wierklech ëm eng equilibréiert Léisung oder ginn Ëmweltauflagen einfach ofgebaut? Mir kucken, wéi d’Reform sech op d’Biodiversitéit an d’Liewensqualitéit am Land auswierke kéint a firwat Klimaschutz ëmmer méi aus der politescher Prioritéitenlëscht verschwënnt. Den Artikel dozou: Reform des Naturschutzgesetzes: Mit der Kettensäge

Wat Schwerhörigkeit mat psychescher Gesondheet ze dinn huet

An dëser Episod vum Podcast schwätzen d’Melanie Czarnik an de Joël Adami doriwwer, wéi et ass, net gutt ze héieren. Mir gi gewuer, wat d’Ursaache fir Schwerhörigkeit kënne sinn, an diskutéieren, wéi dat och erëm op op d’Psych schloe kann. Mir beliichten d’Situatioun zu Lëtzebuerg, déi duerch d’Méisproochegkeet net grad einfach ass, an dofir och héich Ufuerderungen un Dolmetscher fir déi däitsch Gebäerdesprooch mat sech bréngt. Zum Schluss geet et dann och drëm, wat d’Politik maache kéint, fir fir méi Inklusioun ze suergen. Den Artikel dozou: Leben mit Schwerhörigkeit: Missverstehen

Klimakrise: Pläne der Regierung, Forderungen der CSL

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Haut schwätze mir iwwert d’Klimakris an hir Auswierkungen op Lëtzebuerg. Wéi hu sech d’Temperature bei eis verännert, a wat sinn déi konkret Konsequenzen fir d’Natur an d’Aarbechtswelt? De Joël Adami erkläert, wéi d’Regierung mam neie Klimaupassungsplang reagéiert a firwat d’CSL Ännerungen am Aarbechtsrecht fuerdert, fir d’Aarbechter*innen besser ze schützen. Den Artikel dozou: Klimakrise: An der Anpassung arbeiten

Wisou ass et wichteg, iwwer Suizid ze schwätzen?

Haut schwätze mir iwwert ee komplext an onangeneemt Thema, nämlech Suizid. Wisou ass et wichteg, iwwert Suizid ze schwätzen an och dat Wuert ze benotzen? Wat kann ee*nt maachen, wann ee*nt mat enger Persoun konfrontéiert ass, déi suizidär Gedanken äussert? D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren net just iwwert déi Froen, mä schwätzen och doriwwer, wat fir gesellschaftlech Gruppe besonnesch betraff sinn. Si decken och e puer Mythen, déi et iwwert suizidär Persoune ginn, op. Den Artikel dozou: Psychische Gesundheit: Gefährliches Schweigen

Zwou Petitiounen zum Thema LGBTIQA an der Chamber

Leschten Dënschde gouf an der Chamber iwwert zwou Petitiounen diskutéiert. Déi eng wollt all LGBTIQA-Themen aus der Schoul verbannen, déi aner huet sech fir méi vun dësen Themen am Unterrecht agesat. D’Melanie Czarnik an de Joël Adami diskutéieren am Podcast, wéi si dës Diskussiounen erlieft hunn an analyséieren, wéi d’Politik mat de Petitiounen ëmgaangen ass – an iwwerleeën, wat een hätt kéinte besser maachen. D’Artikelen dozou: LGBTIQA-Politik: Sonntagsreden reichen nicht & Debatte: Nicht-Wissen-Wollen

D’russesch Krichswirtschaft an d’Konsequenzen

Kuerz virun Enn vu senger Präsidentschaft huet de Joe Biden nach eng Kéier säfteg Sanktioune géint Russland beschloss. Den Donald Trump schéngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach méi Sanktioune gedréit, sollt de Krich an der Ukrain net geschwënn zu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat déi Sanktioune genee sinn a wéi se wierken. An Russland gëtt et zwar eng Zort wirtschaftleche Boom, mä trotz niddreger Aarbechtslosegkeet an héije Léin kënne sech vill Leit d’Liewen net leeschten. Wisou dat esou ass, erkläert den Thorsten Fuchshuber an dëser Episod vum woxx-Podcast. Den Artikel,

Dual-Use: Krichsmaterial aus Lëtzebuerg?

Obwuel mir zu Lëtzebuerg keng eege Rüstungsindustrie hunn, gi Firmen aus dem Grand-Duché beschëllegt, u Krichsverbrieche bedeelegt ze sinn. Dat dës Firmen zwou Banke sinn, ass fir déi meescht vun eis warscheinlech net iwwerraschend. An dëser Episod geet et dorëms, wéi Lëtzebuerg a seng Finanzplaz bei Kricher a Krichsverbrieche matmécht. Ob dëst manner wäert ginn, hänkt vun der Regierung of, wéi d’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui erkläert. Dat hänkt engersäits dovunner of, wéi d’Richtlinn fir een Droit de vigilance ëmgesat gëtt, an anerersäits dovunner, wéi Lëtzebuerg an Zukunft mat sougenannten Dual-Use-Projeten ëmgeet. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Génocide des

Gëtt et Dateschutz am Prisong?

Eng däitsch Aktivistin huet opgedeckt, datt de Programm „Basis“, dee fir d’Verwaltung vun de Donnée vu Prisonéier benotzt gëtt, net konform mat der Dateschutz-Reglementatioun ass. An wéi si méi Informatioune wollt hunn, huet et geheescht: Nee, well Lëtzebuerg wëll déi Informatiounen net erausginn. Lëtzebuerg? Jo, och de Grand-Duché benotzt „Basis“, mä hei am Land gesäit d‘Administratioun keng Problemer mam Dateschutz. D‘woxx ass der Saach op de Grond gaangen, am Podcast schwätze mir doriwwer. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Gefängnisverwaltung: Die Software für alles – außer Datenschutz 

Die Illusion von Gesellschaft

An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt d’Melanie Czarnik iwwert hir Recherche zu der sougenannter Kënschtlecher Intelligenz an der Roll, déi se am Kampf géint Einsamkeet spillt. Riets geet iwwert Plattformen wéi Replika an déi nei friend-App, wéi KI als Begleeder funktionéiert a wat fir Risiken an Erausfuerderungen domat verbonne sinn. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Die Illusion von Gesellschaft

Am Bistro mat der woxx #314 – Wisou de Computer domm bléift an kënschtlech Intelligenz virun allem Hype ass

An der neier Episod vun Am Bistro mat der woxx schwätzt de Joël Adami iwwert seng Meenung an Usiichten zur sougenannter Kënschtlecher Intelligenz, wéi hien se och a sengem Essay an der neister woxx duergeluecht huet. Riets geet iwwert d’Verschmotzung vum Internet, iwwert d’Materialitéit vu KI an anere Programmer a wéi grouss den ökologesche Foussofdrock vun esou Programmer ass. Hien erkläert awer och, wat fir Uwendunge senger Meenung no sënnvoll sinn a wat vun der KI-Fabrik vun der Lëtzebuerger Regierung ze halen ass Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Der Computer bleibt dumm

Ewigkeitschemikalien

An der neier Folg vu Am Bistro mat der woxx schwätzt Joël Adami iwwer Eewäik-Chemikalien an eisen Gewässeren. Hien erklärt, wat dës Chemikalien sinn, wéi se an d’Ëmwelt kommen a wéi eng Geforen se fir Mënsch a Natur duerstellen. Hien beliicht och déi onvollstänneg Donnéeën an d’Gesetzeslag an Europa a gitt en Abléck an déi aktuell Situatioun zu Lëtzebuerg. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Ewigkeitschemikalien

Wat ass digital Gewalt géint Fraen?

Am Kader vun der Orange Week werfe mir haut ee Bléck op digital Gewalt géint Fraen. Villes, wat dorënner fält, léisst sech mat Cyberstalking an Iwwerwaachung zesummefaassen. Frae gi vun hire Partneren oder Expartner elektronesch iwwerwaacht. Dat geet net just mat engem Smartphone, mä mëttlerweil och mat dem Auto. D’Melanie Czarnik erkläert am Podcast, wat fir Methoden et ginn, mat deenen d’Täter hir Affer iwwerwaachen a stalken – an awer och, wéi een sech dogéint ka wieren. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Digitale Gewalt: Das Handy als Tatwaffe

Wat geschitt mam Chômage vu franséische Frontalieren?

Frankräich wëll de System änneren, wéi d‘Suen, déi Frontalieren am Chômage ze gutt hunn, berechent ginn. Si sollen deemno däitlech manner kréien, wat och eng grouss Verschlechterung vun hirer Situatioun mat sech bréngt, well d’Liewen hannert der Grenz duerch déi héich Léin zu Lëtzebuerg däitlech méi deier ginn ass wéi am Recht vu Frankräich. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wéi et zu dëser Reform koum, wat se fir d’Frontaliere bedeit a wéi zu Lëtzebuerg dorobber reagéiert huet. Dobäi geet et och ëm déi lëtzebuergesch Regierung, déi bis elo éischter de Kapp an de Sand gestach huet. Den Artikel, iwwert

Wisou gouf d’Anti-Deforestatiounsgesetz vun der EU verréckelt?

Am EU-Parlament gouf beschloss, de Start vum Anti-Deforestatiounsgesetz ëm ee Joer ze verréckelen. Mä net nëmmen dat, et koum och a leschter Minutt zu Ännerungen um Text u sech. Dëst alles duerch eng Koalitioun aus rietsen a rietsextreme Parteien. Am Podcast erkläert d’Tatiana Salvan, wéi et zu dësen Ännerunge koum, wat un hinne kritiséiert gëtt a wéi d’Zukunft vum Anti-Deforestatiounsgesetz elo ausgesäit.

Wat bréngt d’Reform vum Naturschutzgesetz?

Déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz steet staark an der Kritik. Dat net nëmme wéinst dem Inhalt, mä och wéinst der Aart a Wéis, wéi d’Gesetz entstanen ass. An dëser Episod vum Podcast erkläre mir, wat et mat der Ee fir Allemol-Kompenséierung, dem Bam-Präbbeli an der Natur auf Zeit op sech huet, wat un dëse Konzepter kritiséiert gëtt a wisou an dësen Diskussiounen de roude Schéierschwanz (Rotmilan) esou dacks optaucht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Reform des Naturschutzgesetzes: Rotmilan, Goldammer und Petersilie

Grenzenlose Fitness – Das inklusive Gym Iron Sparks

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Das Functional Fitness Gym „Iron Sparks” zeigt, wie Inklusion im Sport gelingen kann. Am kommenden Samstag, dem 9. November wird es für sein Engagement geehrt. Wir waren vor Ort und sprechen heute über dieses spannende Projekt. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Grenzenlose Fitness  

Ëmmer méi Repressioun géint Aarmer

Dräi verschidde Mesüre goufen eleng dëst Joer a Kraaft gesat oder virgestallt, déi als Zil Repressioun géint aarm Leit, meeschtens Mënschen ouni feste Wunnsëtz, déi heeschen, hunn. Déi Projeten hunn allerdéngs och vill Kritik mat sech bruecht, a sinn deelweis an hiren Detailer zimmlech absurd. D’María Elorza Saralegui huet an der woxx vun dëser Woch eng Zesummefaassung gemaach, wat an deene leschte Méint geschitt ass, a wat déi wichtegst Kritikpunkten dorunner sinn. Si erkläert eis am Podcast, wat fir repressiv Moossname geplangt sinn. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Obdachlos in Luxemburg: Kein Platz für Arme

L’espace a besoin d’air

Weltraum: Ënnert engem Himmel voller Dreck Millioune vu Weltraumtrëmmer kreesen ëm eis Äerd, wat d’Resultat vun de ville Rakéitestarten aus de leschte Joerzéngten ass. D’Gefor vu Kollisiounen, déi nei Trëmmer schafen, klëmmt, an domat och d’Bedreeung fir Satellitten, bemannt Flich a fir eis Gesellschafte, déi staark op Satellittendéngschter ugewise sinn. Lëtzebuerg an aner Weltraumakteure denken elo méi u nohalteg Léisungen. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Espace : sous un ciel de déchets

D’Diskussiounen ëm d’Pensiounsreform hate kee gudde Start

D’Diskussioune ronderëm eng méiglech Pensiounsreform hunn dës Woch offiziell ugefaangen. Dat, obwuel an deene leschte Méint scho vill iwwert Thema geschwat gouf. Mat enger Diskussiounsplattform sollen all d’Bierger*innen matschwätze kënnen, mä net vill. Wien sech vun engem Zeechelimit vu 500 Zeeche virun de Kapp gestouss fillt, ass net eleng: Och d’Gewerkschafte sinn net zefridde mat der Aart a Wéis, wéi d’Regierung deen Discours organiséiere wëll. Am Podcast erkläert de Fabien Grasser, wisou de Start vun där grousser Debatt mësslongen ass. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Pensions : la tension monte entre syndicats et gouvernement

Wisou si bal just lëtzebuergesch Kanner am Classique?

Zu Lëtzebuerg gëtt et eng staark Segregatioun am Schoulsystem. Schüler*innen, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen oder déi aus engem schwaache sozioekonomeschen Haushalt kommen, lande vill manner dacks am Classique wéi zum Beispill lëtzebuergesch Schüler*innen mat räichen Elteren. D’María Elorza Saralegui huet sech fir d’woxx ugekuckt, wat d’Ursaache vun deenen Ënnerscheeder si kéinten. Fest steet, datt d’Orientéierung am sechste Schouljoer wuel vir vill Leit dee wichtegste Moment an hirem Liewen ass, deen hir spéider berufflech Zukunft scho festleet. Dofir schwätze mir am Podcast och vill doriwwer, wéi sech déi Orientéierung an deene leschte Jore verännert huet, mä awer och doriwwer, wisou

D’EU an de béise Wollef

Zanter e Mëttwoch ass kloer: De Wollef soll deemnächst an der EU manner streng geschützt sinn. Argumentéiert ginn ass dee Schratt mat Problemer, déi d’Déier soll verursaachen, zum Beispill duerch Schof, déi gerass ginn. Och Lëtzebuerg huet sech fir ee manner strenge Schutz ausgeschwat. Domadder huet d’Regierung eng 180-Grad-Dréiung higeluecht, ouni déi awer genee ze erklären. Am Podcast schwätzen d’María Elorza Saralegui an de Joël Adami iwwert de Wollef, seng Situatioun zu Lëtzebuerg an an der EU, an iwwert Fro, wéi ee Management vum Wollef kann ausgesinn. Dozou gehéieren eventuell och Ieselen – wat et mat deenen op sech huet,

Abschottungspolitik an den USA an an Europa

Dës Woch huet d’woxx zesumme mat der ErwuesseBildung d’Journalistin Kathrin Zeiske op Lëtzebuerg invitéiert, fir iwwert de Grenzregime tëscht den USA a Mexiko ze schwätzen. Am Podcast erzielt d’Melanie Czarnik eis, wat déi vun eis, déi net konnten do sinn, verpasst hunn. Et geet net nëmmen dorëms, wéi d’USA sech méi a méi ofschotten, mä och ëm d’Fro, wéi vermeintlech Vereinfachunge wéi d’Digitaliséierung vun der Asylprozedur gesellschaftlech Ännerungen ervirruffen. Mir schwätzen och iwwert Parallellen tëscht der EU an den USA, well an Europa ass d’Grenzpolitik genee esou mäerderesch. Mä d’Karthin Zeiske huet och nach eng ganz aner Säit, si ass

Liberty Steel an der finanzieller Kris

Et ass eng onverständlech Situatioun: Säit dräi an hallef Jore ginn d’Employéë vu Liberty Steel zu Diddeleng bezuelt, fir bal näischt ze schaffen. D’Stolwierk steet stell, déi ronn 160 Aarbechter*innen hu keng Aarbecht. An der leschter Zäit, huet sech d’Lag nach verschlëmmert: Säit Woche waarden d’Employée*n op hire Loun vum August, mä bis elo ass keen*t bezuelt ginn. D’Syndikater sinn alarméiert, den Aarbechtsministère suivéiert d’Situatioun. De Fabien Grasser präsentéiert dëst Woch seng exklusiv Recherche zum Thema an erkläert, wéi et dozou komm ass, wéi eng Zukunft d’Stolwierk an d’Aarbechter*inne erwaarde kéint a wat de Milliardär Sanjeev Gupta mat allem ze

Wat maache géint haislech Gewalt?

2023 louch d‘Zuel vun de Policeasätz wéinst haislecher Gewalt déi éischte Kéier iwwer 1.000 pro Joer. Dat heescht, dat d‘Police ongeféier dräi mol am Dag geruff gëtt, well et Fäll vun haislecher Gewalt gëtt. D‘Affer vun an der Haaptsaach Fraen. Wéi d‘Verhältnis vun de Geschlechter genee ass, ass awer jee no Statistik ënnerschiddlech. Am Podcast erkläert d‘Melanie Czarnik net nëmmen, wisou dat esou ass, mä och, wat fir Angeboter et zu Lëtzebuerg esouwuel fir Affer wéi och fir Täter*innen gëtt. Thema ass awer och, wat d‘Regierung elo mat hirem neien Aktiounsplang wëlles huet. Den Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn:

Déi sënnlos Diskussiounen no dem Attentat vu Solingen

Dat dschihadistesch Attentat zu Solingen huet vill Diskussiounen opgewullt. Nieft Messere gëtt och iwwert den Dublin–Prozess an Ofschiebungen geschwat, esouguer een Asylstopp ass am Gespréich. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, datt dës Debatten eigentlech sënnlos sinn, well se déi wierklech Problemer net uginn, nämlech d‘Fro, wisou sech Leit radikaliséieren an zu Terrorist*innen ginn. Thema ass awer och, wéi lëtzebuergesch Politiker vum rietse Bord déi Diskussiounen aus Däitschland opgräifen a probéieren, selwer politescht Kapital dorausser ze schloen. Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Integration: Die falsche Debatte Islamistischer Terror
: Das Management 
der Barbarei


Endometrios: Wisou gëtt dës Krankheet net unerkannt?

Endometrios ass déi zweetheefegst gynekologesch Krankheet. Dacks sinn d‘Symptomer esou schlëmm, datt déi Betraffen hirem Beruff net méi richteg kënnen no goen. Eng nei Petitioun fuerdert elo, datt d‘Endometrios endlech als chronesch Krankheet unerkannt soll ginn – ausserdeem soll et méi Flexibilitéit op den Aarbechtsplaze ginn. Am Podcast erkläert eis nei woxx–Journalistin Melanie Czarnik, wat et mat där Krankheet op sech huet, a wisou d‘Politik sech mat enger Unerkennung esou schwéier deet. Den Artikel, iwwert deen mir schwätzen: Endometriose: „Nein, wir übertreiben nichts!“ Update: Mëttlerweil huet d‘Petitioun déi 4.500 Ënnerschrëften erreecht.

Firwat planzt ee Bauer Blummen un?

Wëll Planzen si wichteg fir d’Biodiversitéit, well si bidden Insekten a Vigel Narung a Liewensraum. Mä duerch verschidde Facteuren ginn et der ëmmer manner, vill Biotope verschwannen. D’woxx war sech dës Woch ee Projet ukucken, mat dem aktiv dogéint gekämpft gëtt. Dëse Projet, bei dem wëll Planzen ugebaut an da Geseems fir Wiseblummen fir landwirtschaftlech a privat Notzer*innen verkaaft gëtt, gouf zesumme vum Naturmusée an dem Gemengesyndikat Sicona op d’Bee gestallt. Am Podcast verréit d’María Elorza Saralegui, wat si bei hirem Besuch um Feld geléiert huet, wéi de Projet genee funktionéiert a wéi den Afloss vun der EU-Agrarpolitik dorobber ass.

Wouhier kënnt d’Angscht viru queere Kanner?

D’Petitioun Nummer 3198 wëll all queer Inhalter aus der Schoul erauskréien. Dat suergt säit gutt zwou Woche fir Diskussiounen, virun allem well quasi jiddereen*t eppes aneres an den Text vun der Petitioun eraninterpretéiert. Mä wat fir Argumenter ginn am Fong benotzt, fir dës Petitioun ze verteidegen? Am Podcast schwätze mir doriwwer, analyséieren déi Ängschte, déi dohannert stinn a ginn och e puer historesch Beispiller, wou et esou Verbueter an änlech Initiative scho gouf. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: LGBTIQA: So net „queer“!

Den neien nationalen Energie- a Klimaplang ass keng Verbesserung

Déi endgülteg Fassung vum nationalen Energie- a Klimaplang (Pnec) wéist, wat CSV an DP a Saache Klimaschutz virhunn. Dat si manner Ambitioune bei der Energieeffizienz a méi Hoffnung an technologesch “Wonnerléisungen”. Mir analyséieren dat am Podcast, an schwätzen och iwwer ee Waasserstoff-Projet, deen erëm aus dem Pnec verschwonnen ass. Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:  Nationaler Energie- und Klimaplan: Verschlimmbesserung