About this Episode
Dës Woch war d‘woxx–Journalistin María Elorza Saralegui op der Weltklimakonferenz COP31 zu Antalya an der Tierkei. D‘Nuechten zu Antalaya si laang, wéi een och dorunner gesäit, datt den Espresso–Stand esou laang opbléift, wéi d‘Verhandlunge lafen. Am Podcast schwätze mir kuerz iwwert d‘Stëmmung op der COP, mä virun allem iwwert d‘Roll vu Lëtzebuerg. Den Ëmweltminister Serge Wilmes vun der CSV sot, d‘EU misst „bescheiden“ optrieden. Mä domadder huet hie wuel virun allem d‘Verhandlunge gemengt. Well Lëtzebuerg trëtt soss awer net immens bescheiden ob. De grousse Fokus louch um Projet „Rio Changemakers“, dee mat Hëllef vu KI soll d‘Finanzéierung vu Klimaprojete méi einfach maachen. Am Podcast schwätze mir iwwert déi Iddi an d‘Kritik dorunner.
All d’Artikelen iwwert Weltklimakonferenz COP31 vun der woxx fannt dir ënnert dësem Link.
Wann iech eis Aarbecht gefält, ënnerstëtzt eis w.e.g. Als klengen, onofhängege Medium si mir op de finanzielle Support vun eise Lieser*innen ugewisen. Sief et mat engem Abo, mat enger Spend oder als Member vun der Kooperativ: all Euro hëlleft eis weider. Wann dir iech dat finanziell net leeschte kënnt, freeë mir eis awer och doriwwer, wann dir mathëlleft, d‘woxx méi bekannt ze maachen. Hei fannt dir Informatiounen, wéi dir d’woxx ënnerstëtze kënnt.
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]

