loader image

Radio ARA

Selbststännegkeet bei Persounen mat Autismus

Selbststännegkeet bei Persounen mat Autismus

Episode Info

Show: 12 Méint – 12 Geschichten
Episode Number: 1
Broadcasted: 16:00
  on 1st January 2026

 

About this Episode


12 Méint - 12 Geschichten
12 Méint - 12 Geschichten
Selbststännegkeet bei Persounen mat Autismus
Loading
/

Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass. Dëst erginn eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS).
An awer wëssen nëmmen déi mannst, wat Autismus wierklech ass a wat dësen Handicap fir déi betraffe Persoun an hiert Ëmfeld bedeit.

Wéi d’Wuert „Autismus-Spektrum-Stéierung“ et scho seet, ass Autismus ee Spektrum.
Dëst bedeit, datt et een Handicap ass, dee sech bei all Persoun méi oder manner staark weise kann an dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn.

 

Sech säi Liewe selwer ze organiséieren, eegestänneg Verantwortung ze iwwerhuelen an enger Aarbecht nozegoen ass ee Grondbedierfnes vun alle Mënschen an erhéicht d’Selbstwäertgefill souwéi d’Autonomie.

Stëmme vun denen betraffenen Persounen, goufen vu de benevol Radiomoderatoren -Innen zur Verfügung gestallt.

Show
 
 

No Shows were found to display.