loader image

Radio ARA

12 Méint – 12 Geschichten

Show Info

Call in: +352 22 22 89

Show Times

Not Currently Scheduled.

About the Show


Dëst ass eng Widderhuelung vum Podcast den um Kader vun de 25 Joer Fondation Autisme Luxembourg (FAL), soll Geleeënheet genotzt ginn, d’Thema Autismus-Spektrum-Stéierung der breeder Ëffentlechkeet méi no ze bréngen. Mir hunn 30 Joer Fondation Autisme Luxembourg zem Ulass geholl, di Podcastserie nach emol opliewen ze loossen.

De Projet “12 Méint / 12 Geschichten” ass ausgeschafft ginn, fir all Mount ee bestëmmte Liewensberäich am Zesummenhang mat Autismus vun puer Säiten ze beliichte wäerten: déi betraffe Persounen hirer eegen Erfarungen zu dësem Thema, a komplettéiert mat enger fachlecher Approche vum spézialiséierten Personal.

 

Wéi erliewen déi betraffe Persoune selwer hiren Handicap? Wéi huelen si hir Ëmwelt wouer? Wéi gesäit d’Realitéit vun autistesche Persounen an hirem Ëmfeld wierklech aus?

 

Dës Interview’en goufen am Viirfeld mat denen betraffenen Leit gemaach. An Zesummenarbescht mat Radio ARA a Graffiti, d’Jugendsendungen um Radio ARA sinn se elo vertount ginn. Di benevol Radiomoderatoren -Innen hunn héi hier Stëmm zur Verfügung gestallt.

 

Next Airing Date(s) for this Show:

 

 
Episodes
 
 

Episode #7
„Autiste kënne sech der Gesellschaft net upassen“ oder „Een deen Autist ass, wëll dach souwisou kee soziale Kontakt“ si just zwee vun deene ville Virurteeler, déi een ëmmer rëm iwwert autistesch Persounen héiert. Mä, kann ee wierklech esou global soen, datt all Autist sozial Situatioune vermeit? […]
Episode #6
Den 18. Juni 1996 gouf Fondation Autisme Luxembourg vun engem Grupp vu betraffenen Eltere gegrënnt, déi eppes géint de Manktem un Ariichtungen an Déngschtleeschtunge fir Mënsche mat Autismus zu Lëtzebuerg ënnerhuele wollten. […]
Episode #5
D’Aarbechtswelt ass keng einfach Welt! Déi meescht Leit am Spektrum hu Schwieregkeete fir eng sécher Plaz ze fannen a sech an enger Ekipp ze integréieren. […]
Episode #4
Autismus ass en eeschten Handicap, deen net heelbar ass a vun deem eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6000 Persoune betraff sinn. Vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt Autismus méi präzis als eng déif gräifend neurologesch Entwécklungsstéierung definéiert. […]
Episode #3
Dëse Mount riichte mer eis Opmierksamkeet op d’Ënnerstëtzung fir déi betraffe Familljen. […]
Episode #2
An dësen Interviews riichten mir eise Bléck op romantesch Bezéiungen tëschent autisteschen an awer och net-autistesche Persounen. […]
Episode #1
Autismus ass een eeschten Handicap, vun deem méi wéi 1 Persoun vun 100 betraff ass. Dëst erginn eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung (ASS). […]