
About this Episode
240 Manuskripter an enger Valiss. Bal e ganzt Liewenswierk, dat fir ëmmer hätt kënne verschwannen.
D’Helen Buchholtz gëtt 1877 zu Esch gebuer. Si komponéiert Lidder, Piano- an Orchestermusek, lieft eng Zäit zu Wiesbaden a widmet e groussen Deel vun hirem Liewen der Musek. Mee wéi si 1953 stierft, ass si als Komponistin bal komplett vergiess. Hir Partiture landen a Säck – fir verbrannt ze ginn.
An dëser Episod vu Lightyears Lost gi mir de Spuere vun enger Fra no, där hir Musek eréischt Joerzéngte méi spéit vun der Musekswëssenschaftlerin Danielle Roster erëmfonnt gëtt.
A mir stellen eis eng Fro, déi wäit iwwer d’Helen Buchholtz erausgeet: Wien decidéiert eigentlech, wéi eng Musek an d’Geschicht ageet – a wéi eng vergiess gëtt?
D’Bildcredits :
Helen Buchholtz, ondatéiert, Foto P. Thorn Esch/Alzette. Original: Archiv Helen Buchholtz am CID Fraen an Gender.