Ungarn vor dem Systemwechsel?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. De Sonnde sinn an Ungarn Parlamentswale: No 16 Joer Fidesz-Herrschaft vum Viktor Orbán gëtt et eng reell Chance op e Regierungswiessel. De Géigekandidat Péter Magyar an seng Tisza-Partei leien a ville Ëmfroe vir. Mä och wann den Orbán verléiert: Säi System verschwënnt net einfach, well en sech déif an der ungarescher Gesellschaft a Wirtschaft verankert huet. An dëser Episod schwätzen d’Melanie Czarnik an den Thorsten Fuchshuber doriwwer, wat fir Ungarn a fir d’EU op dem Spill steet. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Geht Orbán, bleibt […]



