loader image

Radio ARA

Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Déi aktuell Donnéeë weisen: Et gëtt keen Niveau vu Loftverschmotzung, dee wierklech gesond ass. Elo soll een neit Gesetz kommen. Dat huet zwar méi streng Standarden, mä d’Regierung ass net ambitionéiert genuch […]

Pestiziden: Geféierleche Fréijoerscocktail?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht.   Pestizidréckstänn bei Lëtzebuerger Äppel hu viru kuerzem fir hefteg Diskussioune gesuergt, mä  de Problem limitéiert sech net just op Äppel. Och wann d’Réckstänn ënner de gesetzleche Grenzwäerter vun der EU leien, stellt sech d’Fro, wéi Pestiziden an der Kombinatioun wierken: Wat mécht de „Cocktail“ aus verschiddene Substanze mat eisem Kierper? An dëser Episod schwätzen de Joël Adami an d’María Elorza Saralegui iwwert d’Risike vu Pestiziden an iwwert déi politesch Entwécklungen op EU-Niveau. D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn: Pflanzenschutzmittel: Cocktail zum Frühlingsstart