Social-Media-Verbuet: Sécherheet oder Iwwerwaachung?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Soll Social Media fir Jugendlecher ënner 16 Joer verbuede ginn? An ëmmer méi europäesche Länner gëtt dat diskutéiert – och zu Lëtzebuerg. Als Argument gëllt de Schutz vun der mentaler Gesondheet. Mä d’wëssenschaftlech Evidenz ass méi nuancéiert wéi d’politesch Debatt et vermudde léisst. E Verbuet hätt Konsequenze fir all Benotzer*innen: Fir d’Alter ze kontrolléieren, misst d’Identitéit iwwerpréift ginn, mat Auswierkungen op Dateschutz an Anonymitéit am Netz. Gläichzäiteg ginn et Fuerderungen no enger méi staarker Reguléierung vun de Plattformen an no […]