Loftqualitéit: Op Käschte vun der Gesondheet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht. Zu Lëtzebuerg ass d’Loftqualitéit gutt. Op mannst steet dat meeschtens esou an der offizieller App an op offizielle Websäiten. Just ganz seele gëtt viru schlechter Loft gewarnt. Mä dat läit virun allem dorun, datt sech dobäi op al Grenzwäerter vun der EU bezu gëtt. Déi leien awer wäit iwwer de Recommandatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun. Déi aktuell Donnéeë weisen: Et gëtt keen Niveau vu Loftverschmotzung, dee wierklech gesond ass. Elo soll een neit Gesetz kommen. Dat huet zwar méi streng Standarden, mä d’Regierung ass net ambitionéiert genuch […]