loader image

Radio ARA

Wat Schwätz du?

Show Info

Hosted by: Graffiti
Call in: +352 22 22 89

Show Times

Not Currently Scheduled.

About the Show


E Podcast, wou Stëmmen zesummekommen.

Dëse Podcast ass aus enger schéiner Zesummenaarbecht entstanen – tëschent dem Centre Socio-Éducatif de l’État zu Dreibuer, Graffiti ASBL, Streetwork CJF, Streetwork Croix-Rouge an deene ville Leit, déi vun dëse Servicer begleet ginn.

Zil vum Projet ass et, eng oppen Austauschplattform ze schafen, wou d’Participanten iwwer Themen schwätzen, déi si selwer wielen, erliewen oder wichteg fannen. Et geet ëm éierlech Gespréicher, Liewenserfarungen an déi verschidde Realitéite vun de Mënschen hannert de Geschichten.

De Podcast fërdert den interkulturellen an intergenerationellen Dialog, stäerkt d’Inclusioun an sensibiliséiert d’Nolauschterer:innen fir nei Perspektiven. D’Meenunge si perséinlech a subjektiv – hei geet et net drëm richteg oder falsch ze sinn, mee einfach derbäi ze sinn a matzedeelen.

Next Airing Date(s) for this Show:

 

 

 

Episodes
 
Host
 
 

Episode #8
Hannert all Profil stécht eng Geschicht — mee net ëmmer déi, déi mir mengen. An der zweeter Episod vun dëser neier Staffel vu Wat Schwätz Du? dauche mir nach méi déif an d’Welt vun de soziale Medien an hir Auswierkungen op eis Gesellschaft an eis Alldag an. Fir dëst Thema aus verschiddene Perspektiven ze beliichten, […] […]
Episode #7
Hannert engem Bildschierm kanns du alles sinn — eng aner Persoun, eng aner Meenung, eng aner Realitéit. An dëser éischter Episod vun der 2. Saison vun Wat Schwätz Du? schwätze Angie, Jordan a Sara iwwer d’Welt hannert Social Media: vu Catfishing bis Ragebait, an alles wat tëscht Provokatioun, Identitéit an Online-Perceptioun läit. Wéi vill vun […] […]
Dëst ass e Recap vun eiser Live-Sendung vum 24. Abrëll. D’Angie huet zesumme mam Sara, Jordan an Diogo doriwwer geschwat, wat d’Leit an der zweeter Staffel vu WSD erwaarde kënnen: wéi eng Themen ugeschwat ginn a wéi eng Invitéeë mat dobäi sinn. D’Musek gouf aus dem Recap erausgeschnidden. […]
Episode #5
D’Jessica, de Nico, den Diogo, de Gonçalo, de Steve an d’Sara diskutéieren oppen iwwer den Impakt vun der Léift am Alldag, mat verschiddene Perspektiven, Illusiounen an Erwaardungen. […]
Episode #4
An dëser Episod geet et ëm Virurteeler a Stigma: wéi se entstinn, wat se mat eis maachen, ob et méiglech ass net ze jugéieren, a wéi een op d’Uerteeler vun aneren reagéiere kann. […]
Episode #3
Wat heescht et eigentlech kriminell ze sinn – a wien decidéiert, wou d’Grenz tëscht Recht, Moral a Liewensrealitéit verleeft? […]
Episode #2
Wat heescht et, sech doheem ze fillen, wann een keen Doheem huet? Vu Perspektiven aus dem CSEE bis bei d’Realitéite vun der Strooss. […]
Episode #1
An eiser éischter Episode geet et ëm Gewalt – wou se entsteet, wisou se geschitt, a wéi mir domat ëmgoe kënnen. Michael, Nico, Steve, Jackson an d'Daniela Cabete deelen hir Perspektiven a weisen, datt d’Fäegkeet zu Gewalt méi no bei eis läit, wéi mer denken. Lauschtert eran! […]
Hei kanns du eis Live-Sendung nolauschteren, an där mir de Podcast Wat Schwätz Du? virstellen. Ab dem 17. Oktober geet et richteg lass! […]

Graffiti - d'Jugendsendungen um Radio ARA […]