loader image

Radio ARA

Méi wéi Sex

Méi wéi Sex

Show Info

Call in: +352 22 22 89

Show Times

Not Currently Scheduled.

About the Show


Méi wéi Sex ass de Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper. All zwou Woche schwätze mir iwwer Gefiller, Sexualitéit a Kierper. Mir ginn dobäi vun eisen eegenen Erfarungen aus, mä ginn eis net domadder zefridden, Anekdoten ze zielen. Mir schwätze seriö iwwer Sex, ouni dobäi den Humor ze verléieren. Fir esou vill Perspektive wéi méiglech eran ze bréngen, hu mir och reegelméisseg Gäscht an Expert*innen am Studio.

 

Eis Theme si villfälteg, zum Beispill hate mir schonn Episoden iwwert d’Dauer vum Sex, Penisonsecherheeten, Verhütung, Sex mat Behënnerung, verschidde sexuell Orientéierungen, Bezéiungsformen, an awer och méi eescht Theme wéi sexuell iwwerdrobar Infektiounen oder Iessstéierungen. Um Enn vun all Episod kënnt eng kuerz Rubrik, wou mir op Froen, déi heefeg gestallt aginn, verschidde Sex-Praktiken erklären oder erzielen, wat et mat dem engen oder anere Sex-Mythos op sech huet.

 

Sex ass an eiser Gesellschaft omnipresent, an trotzdeem gëtt esou gutt wéi ni éierlech a seriö iwwer Sex, Sexualitéit, Gefiller a Kierperlechkeet geschwat. Ee vun den Ziler vun eisem Podcast Méi wéi Sex ass et, dat ze änneren. Mir wëllen, datt zu Lëtzebuerg eng aner Gespréichskultur iwwer Sexualitéit entsteet.

 

Virwëlzeg? Mat engem Klick kënns du op eis eege Website, wou du al Episoden nach emol lauschtere kanns. 🙂

 

https://sexpodcast.ara.lu/