loader image

Radio ARA

Klore Kapp – E Podcast fir déi, déi sech froen: Wéi vill ass ze vill?

Show Info

Call in: +352 22 22 89

Show Times

Not Currently Scheduled.

About the Show


Mir liewen an enger Welt, wou Konsum iwwerall ass – Social Media, Shopping, Party, Kaffi oder déi nächst Serie op Netflix oder Amazon.Et gëtt ëmmer eppes Neies, wat eis oflenkt oder eis fir ee Moment gutt fille léist. Awer wéini gëtt et ze vill? A wéi kënne mir eis wierklech wuel fillen, ouni ëmmer eppes „musse“ ze hunn oder ze maachen?

 

Am Podcast „KloreKapp“ schwätzen d’Manon an d’Nathalie, Fachberoderinnen beim Cnapa dem nationale Suchtpreventiounszentrum, éierlech, direkt a mat engem Augenzwinkeren iwwer Konsum, Selbstkontroll a wéi een e gesonde Mëttelwee fënnt. Et geet ëm Themen, déi jiddereen aus dem Alldag kennt – Social Media, Alkohol, Shopping, oder einfach dat konstante Gefill, ëmmer “eppes ze dinn” ze hunn.

 

An véier kuerze Follgen gees du mat hinnen op Entdeckungsrees: Wou stees du selwer? Wat léisst dech wierklech gutt fillen? Solls du a wéi kanns du deng Gewunnechten änneren, ouni op Spaass a Wuelbefannen zu verzichten?

 

KloreKapp ass däi klenge Reminder, datt Konsum ëmmer soll bewosst sinn an dofir lauschter eran, reflektéier mat, a fann deng eege Balance tëscht Genoss a Gesondheet.

 

CNAPA

Mail: frono@cnapa.lu

Tel.: 49 77 77 55

Whatsapp : 691 49 77 55

www.cnapa.lu

Aner nëtzlech Adressen wous du Hëllef kanns kréien:

Suchtberodung online: www.suchtberodungonline.lu
CEPAS www.cepas.public.lu
KannerJugendTelefon KJT : 00352 116111
Pipapo www.pipapo.lu

Episodes
 
 

Folleg 4: Low Risk Konsommatioun – Geet dat iwwerhaapt? Muss ech direkt op alles verzichten? Oder kann ech och mat Verantwortung konsuméieren? An der leschter Folleg vun dëser Serie erklären d’Manon an d’Nathalie, wat hannert dem Begrëff „Low Risk Konsommatioun“ stécht – a wéi s de deng Gewunnechten bewosst a gesond gestalte kanns. Mat konkrete […] […]
Folleg 3: Alternativen fir een Dopaminkick Wéini hues de fir d’lescht einfach mol eppes gemaach, wat der gutt gedoen huet – ganz ouni Handy, Serien, Schockela oder aner Substanzen? An dëser Folleg schwätzen d’Manon an d’Nathalie iwwert Dopamin – eist Feelgood-Hormon – an d’Fro: Wéi kënne mir eis gutt fillen, ouni direkt eppes ze konsuméieren? […] […]
Folleg 2: Wat maachen ech, wann mäi Konsum zevill ass? Du hues dech an der éischter Folleg erëmfonnt a mengs: „Jo, vläit ass mäi Konsum e bësse vill ginn…“? Dann bass de hei genau richteg! D’Manon an d’Nathalie weisen dir, wéi’s de a klenge Schrëtt deng Gewunnechten änneren kanns – mat Detox-Ideen, Tipps fir méi […] […]
Episode #1
Folleg 1: Wou stinn ech mat mengem eegene Konsum? An dëser éischter Episod vu KloreKapp hëllefen d’Manon an d’Nathalie dir erauszefannen, wat Konsum iwwerhaapt bedeit – an wéi een erkennt, ob eegen Gewunnechten gesond oder vläit scho problematesch ginn. Egal ob Social Media, Kaffi, Shopping oder Alkohol – mir all konsuméieren. Awer firwat? A wéi […] […]