loader image

Radio ARA

Wednesday 12.11. Thursday 13.11.

23:00 – 00:00 La Poubelle
00:00 – 01:00 La Poubelle
01:00 – 06:00 A Mad Tea Party
06:00 – 06:30 Wake Up Easy
06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles
13:00 – 14:00 Panda and Hotpot with Julia
15:00 – 16:00 Graffiti: Talks
17:00 – 18:30 Bistro mam Nicolas
18:30 – 20:00 Happy Hour mam Wendy
20:00 – 22:00 Jazz.com mam Pascal D.

Thursday 13.11. Friday 14.11.

23:00 – 00:00 Open Pop mam Mario (R)

Friday 14.11.

00:00 – 06:00 A Mad Tea Party

Friday 14.11.

06:00 – 06:30 Wake Up Easy

Friday 14.11.

06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles

Friday 14.11.

09:30 – 10:00 Sportslight

Friday 14.11.

10:00 – 13:00 (Un)familiar Sounds with Evangelos

Friday 14.11.

13:00 – 14:00 Aqui entre nos with Valentina Claverie

Friday 14.11.

14:00 – 15:00 Graffiti: Music Mix

Friday 14.11.

15:00 – 16:00 Graffiti: Méi wéi Sex

Friday 14.11.

16:00 – 17:00 Graffiti: Dragon R&W

Friday 14.11.

17:00 – 18:00 Bistro avec Tendai

Friday 14.11.

18:00 – 18:30 Am Bistro mat der woxx mam woxx Team

Friday 14.11.

18:30 – 20:00 The Enchanted Playlist

Friday 14.11.

20:00 – 21:00 Tinnitus mam Ben & Yves

Friday 14.11. Saturday 15.11.

21:00 – 00:00 Cosmic Trigger Mam Eaubi & Lex

Saturday 15.11.

00:00 – 01:00 Speed of Sound mam Andrew

Wednesday 12.11. Thursday 13.11.

23:00 – 00:00 La Poubelle
00:00 – 01:00 La Poubelle
01:00 – 06:00 A Mad Tea Party
06:00 – 06:30 Wake Up Easy
06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles
13:00 – 14:00 Panda and Hotpot with Julia
15:00 – 16:00 Graffiti: Talks
17:00 – 18:30 Bistro mam Nicolas
18:30 – 20:00 Happy Hour mam Wendy
20:00 – 22:00 Jazz.com mam Pascal D.

Thursday 13.11. Friday 14.11.

23:00 – 00:00 Open Pop mam Mario (R)

Friday 14.11.

00:00 – 06:00 A Mad Tea Party

Friday 14.11.

06:00 – 06:30 Wake Up Easy

Friday 14.11.

06:30 – 09:30 Breakfast Show with Charles

Friday 14.11.

09:30 – 10:00 Sportslight

Friday 14.11.

10:00 – 13:00 (Un)familiar Sounds with Evangelos

Friday 14.11.

13:00 – 14:00 Aqui entre nos with Valentina Claverie

Friday 14.11.

14:00 – 15:00 Graffiti: Music Mix

Friday 14.11.

15:00 – 16:00 Graffiti: Méi wéi Sex

Friday 14.11.

16:00 – 17:00 Graffiti: Dragon R&W

Friday 14.11.

17:00 – 18:00 Bistro avec Tendai

Friday 14.11.

18:00 – 18:30 Am Bistro mat der woxx mam woxx Team

Friday 14.11.

18:30 – 20:00 The Enchanted Playlist

Friday 14.11.

20:00 – 21:00 Tinnitus mam Ben & Yves

Friday 14.11. Saturday 15.11.

21:00 – 00:00 Cosmic Trigger Mam Eaubi & Lex

Saturday 15.11.

00:00 – 01:00 Speed of Sound mam Andrew
[mobile-track-display]

Graffiti

SDK-Akademie – Kreeslaafwirtschaft

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema „Kreeslaafwirschaft“. Kreeslafwirtschaft ass am Géigendeel vun der Linearwirtschaft een Produktiouns an Verbrauchsmodell, wou Materialien an Produkter so laang wie méiglech benotzt, gedeelt, weiderverwennt, an gefléckt sollen ginn bis déi schlussendlech recycelt ginn. Firwat ass Kreeslafwirtschaft wichteg gëtt dir haut gewuer.  

SDK-Akademie – Earth Overshoot Day

Haut schwätze mer bëssen iwwert den „Earth Overshoot day“. Mir verbrauchen méi natierlech Ressourcen wéi der op eiser Äerd ze Verfügung stinn. Mee wéi grouss ass dat Ongläichgewiicht? Earth Overshoot Day op däitsch “Erdüberlastungstag” oder “jour du dépassement” op franséisch ass den Dag wou d’Mënschen all d’natierlech Ressourcen verbraucht hun dei eis Äerd fir dat Joer zur Verfügung gestallt huet. Den Earth Overshoot Day war 2022 den 28. Juli. Lauschtert gutt no a fannt raus, wéini den  Overshoot Day 2022 fir Lëtzebuerg war.

Digital Challenge

Après le succès des deux éditions du Digital Challenge en 2022 et 2023, IMS Luxembourg et CARE réitèrent leur coopération au service de l’orientation professionnelle des jeunes au Luxembourg. Les organisations ont développé une liaison innovatrice entre l’orientation professionnelle du dayCARE et la réflexion sur l’impact de la digitalisation sur le marché du travail. En parallèle du dayCARE, Digital Challenge s’immisce au plein cœur de l’entreprise et d’un de ses questionnements actuels. Durant une journée, des jeunes réunis en équipe de 2 à 5 personnes répondront ensemble à un challenge proposé par l’entreprise de leur choix. Ce challenge lié à la digitalisation peut, par exemple, porter sur le développement durable ou l’évolution des compétences.

Lycée Ermesinde – Suchtverhalten

Im Mai 2023 haben sich eine Gruppe Schüler*innen des Lyceé Ermesinde in Zusammenarbeit mit dem ZEV (Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht) Gedanken zum gesunden Umgang mit dem Smartphone gemacht.

UNICEF – Weltkannerdag

Wat mécht een.g als Youth Ambassador bei der UNICEF? A wat ass UNICEF iwwerhaapt? An dann steet do och nach den alljährlechen Weltkannerdag den 20. November un. Wat dat alles ass an wourëm et geet, zielen iech di zwee Youth Ambassodors Hannah an Emma.

SDK-Akademie – Nohaltegkeet

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema „Nohaltegkeet“. Nohaltegkeet bedeit dat een verantwortungsvoll mat den Ressourcen ëmgeet. Et sollen z.b. net méi Beem ofholzen wéi och nowuessen kennen. D’Ziel ass dat een eisen Bedürfnisser nogeet an trotzdeem d’Ressourcen fir déi nächst Generatiounen erhält. Wéi eng dräi Pilien dobäi eng Roll spillen, héiert dir haut.

SDK-Akademie – Ressourcenknappheet

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema “Ressourcenknappheet”. Mir héieren oft dat eis Ressourcen ëmmer méi knapp ginn, dat mir eis Ressourcen schounen sollen an dat mir net weider sou liewen kennen. Mee wat well dat iwwerhaapt heeschen ? Des beschwätzen mir haut.

Cannabis: Wat ass wat? – Kommunikatioun

“Wéi soll ech iwwerhaapt iwwer Cannabis mat engem schwätzen?” Dëst ass eng Fro, di sech bestëmmt scho vill gestallt hunn. Dat bescht ass natierlech, komplett op sou Substanzen ze verzichten. Wann een.t sech awer entscheet huet, eppes ze konsuméieren, huet de Luc et Rot, wéi driwwer geschwat ka ginn.

Vintage Icons N° 0002 – 03.10.2023

There are icons in every period and icons independent of the period. You can listen to popular icons from all genres like rock, hip hop, pop or classical music on Nuran Atis’s radio program “Vintage Icons”.

Vintage Icons N° 0001 – 21.08.2023

There are icons in every period and icons independent of the period. You can listen to popular icons from all genres like rock, hip hop, pop or classical music on Nuran Atis’s radio program “Vintage Icons”.

Fënnefopzwielef: Nohaltegkeet um Teller

Alice an Delphine schwätzen an dëser Episod iwwer d’Thema Iessen. Iesse verbënnt een oft mat Kultur, Kandheetserënnerungen a Genoss. Dowéinst ass dat Thema esou perséinlech an oft ginn Diskussiounen doriwwer séier hëtzeg. An dëser Episod wëlle mir versichen, den Zesummenhang tëscht eisen Iessgewunnechten an enger nohalteger Liewensweis besser ze verstoen. Wat seet d’Wëssenschaft? Wat soen d’Schülerinnen a Schüler an de Schoulkantinnen? A wat sinn d’Erfarunge vum Alice a vum Delphine, déi sech nëmmen nach vegetaresch/vegan ernären? Zesumme mat enger ganzer Rei move-ler a spannenden Invitée:en beschwätze mir, wat bei eis op den Teller kënnt – a wéi mir gläichzäiteg eise

Endlech e Liwwerkettegesetz fir Entreprisen zu Lëtzebuerg?

Mëtt Mee hunn déi zwee Deputéiert Sven Clement an Nathalie Oberweis e Gesetzesentworf fir e Liwwerkettegesetz fir Entreprisen an der Chamber deposéiert. Mam Co-Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance pour entreprises au Luxembourg Jean-Louis Zeien schwätze mir iwwert genau dësen Entworf.

Talk on

Talk on: Chats about work, student life and so on. Today’s topic: working and studying at the same time as a full student and a full worker.

Les arbres doivent-ils avoir des droits ?

Wouhier kënnt d’Iddi der Natur juristesch Rechter ze ginn? Kann een der Natur iwwerhaapt eppes ginn oder geet et éischter um Unerkennung? Si Rechter och mat Flichte verbonnen a wa jo, wéi gesinn dës aus?

Fënnenfopzwielef: Fast vs. Slow Fashion

Jo Ann a Luca schwätzen haut iwwer Fashion. Ween huet meng Kleeder gemaach? Ënnert wéi enge Konditioune goufen se produzéiert? Wéi kann ech akafen ouni Mënsch, Ëmwelt an Déier ze schueden? A wéi eng Roll spillt d’Politik iwwerhaapt dobäi? An dëser zweeter Folge kucke mir eis Alternativen zu Fast Fashion un a schwätze mat Acteuren aus deem Beräich. Vu Second Hand, iwwer Upcycling, zu nohalteg produzéierter Moud, ass fir jiddereen:t eppes dobäi. Freet iech op spannend Interviews, eng Diskussiounsronn an en informative Bericht. E Micro Trottoir souwéi e Spill hu mir natierlech och rëm fir iech virbereet. Lauschtert eran! Méi

Fënnefopzwielef: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?

Laly an Jasmine leeden iech haut duerch déi alleréischt Episod vum move.Podcast “fënnefopzwielef”. Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod vun der neier Staffel driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou

Buchclub

“Wat ass Mënschlechkeet? An gëtt et dat iwwerhaapt? Wéi kéint eng post-kapitalistesch Utopie ausgesinn? Domadder beschäftegt sech d’Buch ‘A Psalm for the Wild-Built’ vum Becky Chambers, dat mir an eiser 24. Episod beschwätzen. Instagram: @lauschtermol Musek: 3 Tage am Meer by AnnenMayKantereit”

Interview of Elements of AI

„Elements of AI – Léiert d’kënschtlech Intelligenz kennen a verstoen Hautdesdags fënnt een ëmmer méi kënschtlech Intelligenz an eisem Alldag. Siichtbar oder net, si ass do a gëtt vun eis all zum Deel onbewosst mat genotzt. Elements of AI ass e gratis Online-Cours, dee jiddferengem d’Méiglechkeet gëtt ze verstoen wat kënschtlech Intelligenz ass, wéi se entsteet, wéi se funktionéiert a virun allem wat se kann a wat net! Léiert och dir d’KI kennen a verstoen: schreiftiech elo an op https://www.elementsofai.lu/“

World Music gëtt et net

Mam Helder schwätze mir iwwert all Aspekter vum Projet Klangkeller.

De Projet Klangkeller vu Finkapé well eng Plaz schafe fir d’musikalesch Diversitéit zu Lëtzebuerg ze thematiséieren, z.B. duerch d’Offer vu Coursen, Konferenzen, Diskussiounen an Ënnerstëtzung fir d’Professionaliséierung vu jonke Museker*innen.

The Illusion of Abundance

Mam Erika González Ramírez schwätze mir iwwert hiren éischten Dokumentarfilm “The Illusion of Abundance”. Wat ass Thema vun dësem Film? Wéi huet d’Realisatrice déi 3 Protagonistinne fonnt a wat soll elo mat dësem Film geschéien?

How can a library defend human rights?

Mam Ros Amils vum Dokumentatiounszentrum CEDIB a Bolivien iwwert de Roll vun enger Bibliothéik an enger Gesellschaft. Wéi huet des sech verännert? Firwat kann eng Bibliothéik zu enger Gefor fir d’Machthaber ginn? Wéi ass eng Bibliothéik a Bolivien mat eis hei zu Lëtzebuerg verbonnen?

Que pouvons-nous apprendre des Yanomami sur nous-mêmes?

De Yanomami Mauricio Iximaweteri war op Besuch zu Lëtzebuerg an huet mir d’Méiglechkeet gi mat him iwwert déi indigene Bevëlkerungsgrupp vun de Yanomami a Nordbrasilien zu schwätzen. Et geet em hire Liewensstil, hire Kampf em d’Iwwerliewen a wat dat alles mat eis ze dinn huet.

Act!(ivism) – e Guide

An eiser 16ter Episode schwätze mer iwwert die verschidden Art a Weisen wéi Activismus sou kann ausgesinn, ob wat een alles sou oppasse muss, an eis perséinlech Erfahrungen an deem Beräich.

Eis Finanzplaz a Mënscherechter, muss dat sinn?

Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert den neie Rapport vun der ASTM “LUXEMBOURG’S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”. Wéi ass dës Etüd zustane komm, wéi eng Syntheese gëtt et. Ginn et Revendicatiounen un d’Finanzplaz a wei ass de Rapport ugeholl ginn?