Radio ARA

Wat Schwätz du?

Wat Schwätz Du? ass e Podcast, wou Mënschen aus verschiddene Liewenssituatiounen an Hannergrënn zesummekommen, fir éierlech iwwer Themen ze schwätzen, déi si selwer betreffen, a sou en oppenen, inklusiven an intergenerationellen Dialog ze fërderen.

Wat Schwätz Du?…Eis Aarbecht, Eis Wierder, tëscht den Zeilen

„Gidd dir erëm spadséieren?“ oder „wat hu Sozialaarbechter.innen um Radio verluer?“ An dëser Episod kommen déi zu Wuert, déi soss meeschtens nolauschteren. D’Yolanda, d’Zoé, d’Sara an den Dario hunn d’Rolle getosch a setze selwer virum Mikro a ginn een éierlechen Abléck iwwert Sozialaarbecht: vu schéine Momenter iwwer Erausfuerderunge bis bei déi Bezéiungen, déi am Alldag opgebaut ginn. Gläichzäiteg gëtt hannert d’Kulisse vum Podcast-Projet gekuckt an op de Wee zeréckgeduecht, dee Jonker, Leit aus der Strooss a Fachleit zesummebruecht huet. Am Mëttelpunkt steet Mënschlechkeet, Vertrauen an alles, wat hannert dem Mikro geschitt.

Wat Schwätz Du..? Wien war ech, an wien sinn ech haut?

An dëser Episod vu Wat Schwätz Du? schwätzen d’Sara, den Nico an den Diogo doriwwer, wéi d’Vergaangenheet eis geprägt huet. Wéi hunn Erfarungen, Entscheedungen, Feeler an Erausfuerderungen dozou bäigedroen, déi Persoun ze ginn, déi mir haut sinn? Kann ee sech wierklech veränneren, oder bleift en Deel vun eis ëmmer dee selwechten? Eng éierlech an perséinlech Diskussioun iwwer Identitéit, Entwécklung an d’Liewensweeër, déi eis formen. Eng Episod, déi zum Nodenke beweegt an weist, datt Verännerung en natierlechen Deel vum Liewen ass.

Wat Schwätz Du…? Hannert dem Bildschirm part 2

Hannert all Profil stécht eng Geschicht — mee net ëmmer déi, déi mir mengen. An der zweeter Episod vun dëser neier Staffel vu Wat Schwätz Du? dauche mir nach méi déif an d’Welt vun de soziale Medien an hir Auswierkungen op eis Gesellschaft an eis Alldag an. Fir dëst Thema aus verschiddene Perspektiven ze beliichten, hu mir dës Kéier de Micas Carvalho als Gaascht agelueden, hien ass ënner anerem en Content Creator, Social Media Coach an Pädagog. Zesumme schwätze mir iwwer Algorithmen, Influencer-Kultur zu Lëtzebuerg an d’Fro, wéi Social Media eis Wahrnehmung vun der Welt beaflosst.

Wat Schwätz Du?…Season 2

Dëst ass e Recap vun eiser Live-Sendung vum 24. Abrëll. D’Angie huet zesumme mam Sara, Jordan an Diogo doriwwer geschwat, wat d’Leit an der zweeter Staffel vu WSD erwaarde kënnen: wéi eng Themen ugeschwat ginn a wéi eng Invitéeë mat dobäi sinn. D’Musek gouf aus dem Recap erausgeschnidden.

Wat Schwätzt Du?…Et kann ee staark sinn ouni Gewalt

An eiser éischter Episode geet et ëm Gewalt – wou se entsteet, wisou se geschitt, a wéi mir domat ëmgoe kënnen. Michael, Nico, Steve, Jackson an d’Daniela Cabete deelen hir Perspektiven a weisen, datt d’Fäegkeet zu Gewalt méi no bei eis läit, wéi mer denken. Lauschtert eran!