loader image

Radio ARA

SDK-Akademie kläert op

SDK-Akademie – Recycling

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema “Recycling”. Wat ass Recycling genau, firwat ass et wichteg ze recycléieren a wei geet dat iwwerhaapt. Eng Quizfro hu mer och fir iech an natierlech beäntwerte mer d’Fro aus der leschter Episode zum Thema Klimawandel.

SDK-Akademie – Klimawandel

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema “Klimawandel”. Em wat et sech heibäi genau handelt. Extrem Wiederverhältnisser, Treibhauseffekt a wat mir domadden ze dinn hunn. Eng Quizfro ass och rëm mat fir iech dobäi. An natierlech beäntwerte mer d’Fro aus der leschter Episode zum Thema Littering.

SDK-Akademie – Greenwashing

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema “Greenwashing”. Wat ass et, firwat ass et problematesch a wei kann een dat erkennen. Eng Quizfro zum Thema ass och rëm dobäi an natiirlech och d’Äntwert op déi lëscht Episode zum Recycling.

SDK-Akademie – Littering

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema „Littering“. Wat ass „Littering“ ? Ënnert dem Begrëff „littering“ deen aus dem Engleschen kënnt, versteet een „hannerloossen bzw. ongewollt Entsuergung vun Offall ausserhalb vun den richtegen Behälter. Oflagerungen vun „Offall“ fënnt een souwuel an der Natur, am den Stroossenränn oder am Ëffentleche Raum. Womatt Littering virun an Zesummenhang gebruecht gëtt héiere mer haut.

SDK-Akademie – Kreeslaafwirtschaft

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema „Kreeslaafwirschaft“. Kreeslafwirtschaft ass am Géigendeel vun der Linearwirtschaft een Produktiouns an Verbrauchsmodell, wou Materialien an Produkter so laang wie méiglech benotzt, gedeelt, weiderverwennt, an gefléckt sollen ginn bis déi schlussendlech recycelt ginn. Firwat ass Kreeslafwirtschaft wichteg gëtt dir haut gewuer.  

SDK-Akademie – Earth Overshoot Day

Haut schwätze mer bëssen iwwert den „Earth Overshoot day“. Mir verbrauchen méi natierlech Ressourcen wéi der op eiser Äerd ze Verfügung stinn. Mee wéi grouss ass dat Ongläichgewiicht? Earth Overshoot Day op däitsch “Erdüberlastungstag” oder “jour du dépassement” op franséisch ass den Dag wou d’Mënschen all d’natierlech Ressourcen verbraucht hun dei eis Äerd fir dat Joer zur Verfügung gestallt huet. Den Earth Overshoot Day war 2022 den 28. Juli. Lauschtert gutt no a fannt raus, wéini den  Overshoot Day 2022 fir Lëtzebuerg war.

SDK-Akademie – Nohaltegkeet

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema „Nohaltegkeet“. Nohaltegkeet bedeit dat een verantwortungsvoll mat den Ressourcen ëmgeet. Et sollen z.b. net méi Beem ofholzen wéi och nowuessen kennen. D’Ziel ass dat een eisen Bedürfnisser nogeet an trotzdeem d’Ressourcen fir déi nächst Generatiounen erhält. Wéi eng dräi Pilien dobäi eng Roll spillen, héiert dir haut.

SDK-Akademie – Ressourcenknappheet

Haut schwätze mer bëssen iwwert Thema “Ressourcenknappheet”. Mir héieren oft dat eis Ressourcen ëmmer méi knapp ginn, dat mir eis Ressourcen schounen sollen an dat mir net weider sou liewen kennen. Mee wat well dat iwwerhaapt heeschen ? Des beschwätzen mir haut.