Ëmmer online – wien kontrolléiert wien? – ZEV
Den Handy an der Hand direkt nom Erwächen, Notifikatiounen déi sech usammelen, Videoen déi een „just 5 Minutten” kucke wëll … an op eemol ass eng Stonn vergaangen. An dëser neier Episod schwätze mir zesumme mam Charlotte vum ZEV (Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht) iwwer eis Relatioun zu Smartphones a soziale Medien. Firwat ass et heiansdo esou schwéier, den Handy op d’Säit ze leeën? Wéi geléngt et de soziale Medien eis Opmierksamkeet ze fänken? Wéini gëtt aus enger Gewunnecht eng Ofhängegkeet? Duerch eis Gespréicher invitéiert dës Episod dech dozou, iwwer däin digitale Konsum nozedenken – ganz ouni Scholdgefill. […]





















