loader image

Radio ARA

Lauschter mol

Hunger Games

An dëser Episod analyséiere mer de Film “The Hunger Games” a kucken eis di sozio-politesch Konstrukter an der duergestallter Gesellschaft un.

Buchclub

“Wat ass Mënschlechkeet? An gëtt et dat iwwerhaapt? Wéi kéint eng post-kapitalistesch Utopie ausgesinn? Domadder beschäftegt sech d’Buch ‘A Psalm for the Wild-Built’ vum Becky Chambers, dat mir an eiser 24. Episod beschwätzen. Instagram: @lauschtermol Musek: 3 Tage am Meer by AnnenMayKantereit”

Act!(ivism) – e Guide

An eiser 16ter Episode schwätze mer iwwert die verschidden Art a Weisen wéi Activismus sou kann ausgesinn, ob wat een alles sou oppasse muss, an eis perséinlech Erfahrungen an deem Beräich.

Kommunismus & Anarchismus

An eiser 12ter Episode treffen zwou Gigantinnen openeen. D’Phoebe, an der Roll vum Rosa Luxemburg, an d’Emma, haut als Emma Goldman présent, erklären d’Iddien a Ëmsetzungen vum Marxismus an Anarchismus.

Climate Change and Capitalism

Duerch di rezent Iwwerschwemmungen zu Lëtzebuerg an extrem Wieder Ereignisser an der Welt inspiréiert, schwätze mer haut iwwer Klimawandel, seng Auswierkungen, a wat dat alles mat Kapitalismus ze dinn huet.

Schoul an Zäite vu Corona

An eiser 8ter Episode schwätze mer iwwert en Thema, wat an eisem Liewen omnipräsent ass: Schoul! Besser gesot, Schoul an hier Auswierkungen zu Corona Zäiten.

How to start a Revolution 2.0

An eiser 6ter Episode komme mer nach eng Kéier ob d’Theme Revolutiounen a Protester zréck a kucken ënner anerem wat a leschter Zäit an Indien, Chile, Hongkong an am Irak lass war.

Transphobie a Politik a Gesellschaft

An eiser zweeter Episode beschäftege mer eis mat de Virfäll ronderëm d’Harry Potter Autorin J.K. Rowling a wéi Transphobie nach ëmmer an eiser Politik a Gesellschaft manifestéiert ass.