loader image

Radio ARA

Klore Kapp

Low Risk Konsommatioun – Geet dat iwwerhaapt?

Folleg 4: Low Risk Konsommatioun – Geet dat iwwerhaapt? Muss ech direkt op alles verzichten? Oder kann ech och mat Verantwortung konsuméieren? An der leschter Folleg vun dëser Serie erklären d’Manon an d’Nathalie, wat hannert dem Begrëff „Low Risk Konsommatioun“ stécht – a wéi s de deng Gewunnechten bewosst a gesond gestalte kanns. Mat konkrete Beispiller, Red Flags, Tipps fir Party-Situatiounen a ganz praktesche Rotschléi. Fir all déi, déi net verzichten, mee bewosst entscheeden wëllen – an dobäi e kloere Kapp behalen.

Alternativen fir een Dopaminkick

Folleg 3: Alternativen fir een Dopaminkick Wéini hues de fir d’lescht einfach mol eppes gemaach, wat der gutt gedoen huet – ganz ouni Handy, Serien, Schockela oder aner Substanzen? An dëser Folleg schwätzen d’Manon an d’Nathalie iwwert Dopamin – eist Feelgood-Hormon – an d’Fro: Wéi kënne mir eis gutt fillen, ouni direkt eppes ze konsuméieren? Entdeck mat hinnen Alternativen wéi Sport, Kreativitéit oder Zäit mat Frënn – an héier, wat aner Jonker motivéiert.

Wat maachen ech, wann mäi Konsum zevill ass?

Folleg 2: Wat maachen ech, wann mäi Konsum zevill ass? Du hues dech an der éischter Folleg erëmfonnt a mengs: „Jo, vläit ass mäi Konsum e bësse vill ginn…“? Dann bass de hei genau richteg! D’Manon an d’Nathalie weisen dir, wéi’s de a klenge Schrëtt deng Gewunnechten änneren kanns – mat Detox-Ideen, Tipps fir méi Selbstkontroll an Beispiller vu Jonken, déi et gepackt hunn. Link zur Suchtberodung online; https://www.suchtberodungonline.lu/de/

Wou stinn ech mat mengem eegene Konsum?

Folleg 1: Wou stinn ech mat mengem eegene Konsum? An dëser éischter Episod vu KloreKapp hëllefen d’Manon an d’Nathalie dir erauszefannen, wat Konsum iwwerhaapt bedeit – an wéi een erkennt, ob eegen Gewunnechten gesond oder vläit scho problematesch ginn. Egal ob Social Media, Kaffi, Shopping oder Alkohol – mir all konsuméieren. Awer firwat? A wéi vill ass zevill? Mat 10 spannenden Froen kanns du däi Konsum selwer ënner d’Lupp huelen.