loader image

Radio ARA

Frame of Mind

Psychedelesch Substanzen an der Psychotherapie

An dëser Episode sinn de Psycholog Elie Gottlieb an d’Nina vu Graffiti zu Gaascht, fir den Asaz vun psychedelëschen Substanzen am psychotherapeutesche Kontext ze beschwätzen. D’Diskussioun deckt of, fir wéi eng Zwecker dës Approche agesat kéint ginn, wéi wäit d’Fuerschung schonn ass, an wou Lëtzebuerg am internationale Kontext steet. Eng informativ a spannend Episod iwwer eng méiglech Richtung an der moderner Psychotherapie.  

Diagnosen

Et ginn ëmmer méi Diagnosen, an dat bedeit, dass och vill driwwer diskutéiert gëtt: Komme psychesch Opfällegkeete wierklech ëmmer méi dacks vir, oder gëtt einfach méi diagnostizéiert? D’Fro ass awer éischter: Musse mer fir alles eng Diagnos hunn? Wat ass de wierkleche Sënn vun enger psychologescher Sëtzung?

Mobbing – Respect Each Other

Lauschter hei déi extra Episod mam Vanessa vu RespectEachOther! Hat huet d’asbl aus eegener Betraffenheet gegrënnt, an ass haut ee grousst Sproochrouer fir betraffe Schüler a Schülerinnen. Bass du vu Mobbing betraff, oder géifs deng Klass gäre fir e Workshop umellen? Mell dech iwwert hir Facebook Säit “Respect Each Other”.     Brauchs du ee fir ze schwätzen? Mell dech beim Kanner-Jugendtelefon ënnert dem 116111   SOS-Détresse: 454545   Hëllef bei Mobbing: https://portal.education.lu/stopmobbing https://mobbingasbl.lu/fr/   Aktioun Bobby: Le service «Aktioun Bobby» de la Police propose une aide par téléphone aux enfants victimes de violence physique, psychique ou sexuelle: Téléphone: +352 123

Akzeptanz

Akzeptéieren ass ee grousse Begrëff fir eppes, wat eigentlech vill Opmierksamkeet brauch. Persounen déi op alles gelooss reagéiere gëllen als dee Moossstab schlechthin! Mee muss ee wierklech alles akzeptéieren? A wéi kann ee wierklech lassloossen? Dat gitt der hei gewuer!

Identitéit – Wie bass du wa kee kuckt?

Déi meeschte Leit si secher dass si sech selwer gutt kennen – an da passen op eemol d’Gedanken net méi bei d’Gefiller an d’Gefiller net méi bei d’Verhalen. Sech selwer fannen ouni sech virdrunn ze verléieren, dat léiert een an dëser Episod.

Special Edition – Orange Week – Service Log in

 Nee zu Gewalt géint Fraen! Als Special zu der Orange Week war de Service Log in am Interview – Hei gëtt alles gemaach, fir virun haislecher Gewalt ze schützen: Preventioun, Schutz an engem Foyer, an e psychosozialen Encadrement. Alles zu Grenzen an der Bezéiung an zu de Mesuren déi et ginn, fannt dir an dëser Episod.

Driwwer stoen

Wie kennt et net? Et fillt ee sech provozéiert, eng Bomm ass amgaangen an d’Luucht ze goen, an da kënnt de Sproch “Do muss du einfach driwwer stoen”. Dobäi kuckt deen, deen driwwer steet, automatesch op den aneren erof. Net immens sympathesch. Ausserdeem fannen an dëser Konstellatioun eege Gefiller keng Wäertschätzung. Kommunikatioun op Aanhéigt, dat ass net ëmmer einfach. Méi dozou an dëser Episod.

Langweil

 Wat huet Langweil eigentlech mat der psychescher Gesondheet ze dinn? Langweil gëtt ganz dacks als eppes Negatives ugesinn, dobäi entstinn aus der Langweil eraus déi beschten Aktiounen. Wéini ass se dann elo gutt, a wéini ass se en Alarmzeechen? Dat gitt der an dëser Episod gewuer.

Nostalgie

An Erënnerunge schwelgen – fir deen een ass et eppes Schéines, fir den aneren ass et eng Flucht déi keen Enn hëllt. Mat der Vergaangenheet Fridde fannen an Nostalgie als Stëmmungsbooster benotzen – doriwwer gitt der an dëser Episod méi gewuer.

Süchteg nom Smartphone

Bezuele mam Smartphone, Kaart am Restaurant liese mam Smartphone, Bestellung ofhuele mam QR-Code um Smartphone…. A spéitstens elo ass eis bewosst: Op de Smartphone bewosst verzichten oder en einfach emol doheem loosse gëtt ëmmer mei onbequeem. Mëscht dat eis elo zu Smombies? Wéini ass et ongesond, a wéi kënne mer de Gebrauch esou steieren dass en eis mental Gesondheet net belaascht? Ass e Smartphoneverbuet an der Schoul sënnvoll? Den Oli an de Marc vum Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht (ZEV) hunn hire Standpunkt mat eis gedeelt.

Angscht a Panik

Angscht ass normal. Mee wat ass, wann een Angscht virun der Angscht huet, a vu lauter Panik net méi virun d’Dier geet? An dëser Episod léiere mer iwwert d’Geschicht vun der Angscht, an 10 Manéiere fir domat ëmzegoen.

Impulsivitéit

Bei Impulsivitéit denke mer séier un e Feilchen, Boxhännchen an un eng Ambulanz. Impulsivitéit bedeit awer net automatesch Aggressivitéit. Aus engem Impuls eraus reagéiere mer all. Mee wéi emgi mer virschnell Décisiounen?

Selflove

Ass et egoistesch sech selwer gär ze hunn? Mat wiem solle mer eis vergläichen, an iwwerhapt: Lount et sech, sech mat aneren ze vergläichen? Froen iwwert Froen…

Nee soen

An dëser Episod geet et em d’Thema “Jo” an “Nee”. Wéini ass et ubruecht “Nee” ze soen? Wéi erkenns du deng eege Grenzen a wéi mierkt een dass een emol méi oft “Jo” soe sollt?