loader image

Radio ARA

Fënnefopzwielef

Zukunftshaff

An dëser Episode geet et em den Zukunftshaff. Julie, Chiara an d’Joëlle zielen iech iwwert hire neie Projet, bei deem si sech un änleche Projet’en aus Däitschland orientéiert hunn. Tëschent dem 12 an dem 15ten September hunn Jonker, déi sech fir dëse Projet Zukunftshaff ugemellt hunn, e Weekend bei enger Famill an engem lëtzebuergesche Bauerenbetrieb verbruecht, fir hiren Alldag besser kennenzeléieren. Hier Erfarungen deele si mat iech an dësem Podcast.

Fënnefopzwielef: Nohalteg ënnerwee

D’Sophie an d’Cléa wëssen: iwwert Mobilitéit léisst sech streiden. Déi eng verstinn net, wéi een iwwerall ka mam Auto hifueren, wann et dach méi nohalteg geet andeems een den ëffentlechen Transport notzt oder mam Vëlo fiert. Déi aner fannen den Auto einfach vill méi praktesch. An dëser Episod schwätze mir driwwer, wéi eng alternativ Mobilitéit zum Auto kann ausgesinn, wéi mir souguer an der Schoul méi ekologesch reese kéinten, wéieng Organisatioun sech fir de Vëlo asetzt a wat d’Vir- an Nodeeler vun der Elektromobilitéit sinn. Wéi ëmmer hu mir d’Meenung vun e puer Leit op der Strooss agefaangen an hunn

Fënnefopzwielef: Nohaltegkeet um Teller

Alice an Delphine schwätzen an dëser Episod iwwer d’Thema Iessen. Iesse verbënnt een oft mat Kultur, Kandheetserënnerungen a Genoss. Dowéinst ass dat Thema esou perséinlech an oft ginn Diskussiounen doriwwer séier hëtzeg. An dëser Episod wëlle mir versichen, den Zesummenhang tëscht eisen Iessgewunnechten an enger nohalteger Liewensweis besser ze verstoen. Wat seet d’Wëssenschaft? Wat soen d’Schülerinnen a Schüler an de Schoulkantinnen? A wat sinn d’Erfarunge vum Alice a vum Delphine, déi sech nëmmen nach vegetaresch/vegan ernären? Zesumme mat enger ganzer Rei move-ler a spannenden Invitée:en beschwätze mir, wat bei eis op den Teller kënnt – a wéi mir gläichzäiteg eise

Fënnenfopzwielef: Fast vs. Slow Fashion

Jo Ann a Luca schwätzen haut iwwer Fashion. Ween huet meng Kleeder gemaach? Ënnert wéi enge Konditioune goufen se produzéiert? Wéi kann ech akafen ouni Mënsch, Ëmwelt an Déier ze schueden? A wéi eng Roll spillt d’Politik iwwerhaapt dobäi? An dëser zweeter Folge kucke mir eis Alternativen zu Fast Fashion un a schwätze mat Acteuren aus deem Beräich. Vu Second Hand, iwwer Upcycling, zu nohalteg produzéierter Moud, ass fir jiddereen:t eppes dobäi. Freet iech op spannend Interviews, eng Diskussiounsronn an en informative Bericht. E Micro Trottoir souwéi e Spill hu mir natierlech och rëm fir iech virbereet. Lauschtert eran! Méi

Fënnefopzwielef: Jonk an engagéiert – firwat lount sech dat?

Laly an Jasmine leeden iech haut duerch déi alleréischt Episod vum move.Podcast “fënnefopzwielef”. Wann et ëm eis Zukunft geet, hu mir et selwer an der Hand. Dat gëtt eis Jonken jiddefalls oft gesot. Engagéiert iech, soen se, setzt iech an fir dat, wat iech wichteg ass! Ma dat ass net ëmmer esou einfach, besonnesch an enger Welt déi ëmmer méi komplex gëtt a wou d’Krisen sech heefen. Mir schwätzen an dëser éischter Episod vun der neier Staffel driwwer, wou een sech hei zu Lëtzebuerg gesellschaftspolitesch engagéiere kann a firwat dësen Engagement sech nach ëmmer lount. Ausserdeem stelle mir e puer Projete fir, wou