Pourquoi les compensations carbones sont-elles une fausse solution ?
À l’occasion de la COP28, l’ASTM s’est penché plus spécifiquement sur ce qui est présenté comme un élément de réponse au dérèglement climatique : la compensation carbone.
À l’occasion de la COP28, l’ASTM s’est penché plus spécifiquement sur ce qui est présenté comme un élément de réponse au dérèglement climatique : la compensation carbone.
Jérémie Piolat nous a présenté le concept de « sudalisme » lors de cet épisode du podcast.
Au lieu d’une interview classique, j’ai mené une conversation sentipensante avec María Salamanca sur sa compréhension de la notion du care.
Mam Richard Graf, Präsident vun der ASTM a bal vun Ufank u beim Brennpunkt derbäi, a mam Julie Smit, och scho laang a verschiddene Formen derbäi, maache mir e Réck- an Ausbléck op 50 Joer Geschicht vum Magasinn.
Caritas huet scho lescht Joer hir Walrecommandatiounen eraus bruecht. Mir maache mam Carole Reckinger eng Analys iwwert d’Walcampagne vun dësem Joer.
Katy Medernach schafft un de wëssenschaftlechen Hannergrënn fir eng Ausstellung vu SOS Faim, Frères des Hommes an der ASTM zum sougenannten Liewensmëttel-Foussofdrock. Wat huet et domat op sech?
Mëtt Mee hunn déi zwee Deputéiert Sven Clement an Nathalie Oberweis e Gesetzesentworf fir e Liwwerkettegesetz fir Entreprisen an der Chamber deposéiert. Mam Co-Coordinateur vun der Initiative pour un devoir de vigilance pour entreprises au Luxembourg Jean-Louis Zeien schwätze mir iwwert genau dësen Entworf.
Wouhier kënnt d’Iddi der Natur juristesch Rechter ze ginn? Kann een der Natur iwwerhaapt eppes ginn oder geet et éischter um Unerkennung? Si Rechter och mat Flichte verbonnen a wa jo, wéi gesinn dës aus?
D’Joer 2023 ass entscheedend fir d’Zukunft oder d’Enn vum Mercosur-Fräihandelsofkommes: Zënter Joren engagéiere sech d’ASTM an d’Klima-Bündnis Lëtzebuerg, zesumme mat villen aneren Acteuren aus der Zivilgesellschaft, fir d’Ofleenung vum Mercosur-Accord.
Mam Nadine Haas (ASTM) schwätze mir iwwert den neie Rapport vun der ASTM: “Entreprises de l’État au Luxembourg: des modèles en matière de droits humains?”
Mam Magali schwätze mir iwwert Biergerbedeelegung zu Lëtzebuerg. Wat fir Projete ginn et? Wat sinn typesch Problemer vun der Biergerbedeelegung hei am Land?
Mam Helder schwätze mir iwwert all Aspekter vum Projet Klangkeller.
De Projet Klangkeller vu Finkapé well eng Plaz schafe fir d’musikalesch Diversitéit zu Lëtzebuerg ze thematiséieren, z.B. duerch d’Offer vu Coursen, Konferenzen, Diskussiounen an Ënnerstëtzung fir d’Professionaliséierung vu jonke Museker*innen.
Mam Dietmar Mirkes schwätze mir iwwert dat wichtegst Thema vun der COP27: Loss & Damages. Wat ass entscheet ginn? Wéi geet et elo weider? Wéieng Responsabilitéit dréit Lëtzebuerg a wat ass de Grand-Duché elo scho bereet ze maachen?
Mam Erika González Ramírez schwätze mir iwwert hiren éischten Dokumentarfilm “The Illusion of Abundance”. Wat ass Thema vun dësem Film? Wéi huet d’Realisatrice déi 3 Protagonistinne fonnt a wat soll elo mat dësem Film geschéien?
Mam Alia Bengana schwätzen ech iwwert de Bëtong, iwwert Sand, iwwer Architektur an iwwert Zukunft vum Bauen.
Mam Ros Amils vum Dokumentatiounszentrum CEDIB a Bolivien iwwert de Roll vun enger Bibliothéik an enger Gesellschaft. Wéi huet des sech verännert? Firwat kann eng Bibliothéik zu enger Gefor fir d’Machthaber ginn? Wéi ass eng Bibliothéik a Bolivien mat eis hei zu Lëtzebuerg verbonnen?
De Yanomami Mauricio Iximaweteri war op Besuch zu Lëtzebuerg an huet mir d’Méiglechkeet gi mat him iwwert déi indigene Bevëlkerungsgrupp vun de Yanomami a Nordbrasilien zu schwätzen. Et geet em hire Liewensstil, hire Kampf em d’Iwwerliewen a wat dat alles mat eis ze dinn huet.
Mam Selma Weber schwätze mir iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg a Klimakommunikatioun.
Mat menge Gäscht schwätze mir (op Franséisch) iwwert d’Investitiounstrategië vum Fonds de Compensation, och Pensiounsfong genannt. Firwat ass dëst Thema fir Greenpeace an ASTM wichteg? Wou ass de Lien mat Ëmweltverschmotzung an de Mënscherechter a firwat geet dat eis alleguer eppes un?
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert den neie Rapport vun der ASTM “LUXEMBOURG’S FINANCIAL CENTRE & ITS HUMAN RIGHTS POLICIES”. Wéi ass dës Etüd zustane komm, wéi eng Syntheese gëtt et. Ginn et Revendicatiounen un d’Finanzplaz a wei ass de Rapport ugeholl ginn?
Mam Antoni Moliner schwätzen ech iwwert dei weltwait Impfkampagn, d’Impfongerechtegkeet, d’Problemer vun der Covax-Initiativ an de Patenter op Impfstoffer.
Mat Liza Maza (Secretary General vun ILPS) schwätzen ech iwwert Klimaimperialismus a wouranner een dëse festmaache kann. Wien bestëmmt de Kampf géint de Klimawandel, wéi gëtt e finanzéiert an wien profitéiert dovun? Wat si Beispiller fir Klimaimperialismus op de Philippinnen?
De Carl Philip Dybwad war als Youth Delegate op der Pre-COP zu Mailand an der COP26 zu Glasgow. Mat him diskutéieren ech iwwert seng Andréck, seng Roll an op Jonker iwwerhaapt en Impakt op der Cop hunn an haten. Och schwätze mer iwwert Zukunft vun der COP an iwwert déi zukünfteg Host Cities vun de COPs 27 an 28.
Mam Baas Brimer, Ëmwelt- a Klimaexpert bei LuxDevelopment, schwätzen ech am Detail iwwert d’COP26 déi den 31. Oktober zu Glasgow ugefaangen huet. Mir schwätzen iwwert d’Geschicht vun der COP, Erwaardungen an Enttäuschungen, d’Roll vu Lëtzebuerg an de Sënn vun enger Klimakonferenz am Joer 2021.
Mam Noémie Losch vun Ecpat hunn ech iwwert Voluntourismus geschwat. Wat genau heescht dat? Firwat ass et schiedlech fir béid Säiten? Wat fir eng Industrie stécht derhannert a wien profitéiert vun der Nofro no Vakanz mat e bëssen Hëllef?
D’Klima-Bündnis Lëtzebuerg feiert seng 25 Joer. Iwwer 40 Gemengen sinn Member vun dësem Netzwierk. Wat heescht et Klima-Bündnis-Gemeng ze sinn? Wat huet eng lëtzebuerger Gemeng mat den indigenen Bevëlkerungen am Amazonas-Gebitt ze dinn? Wat huet sech an de leschte 25 Joer geännert?
Mam Nadine Haas schwätzen ech iwwert déi ominéis Multinational JBS an hier Aktivitéiten zu Lëtzebuerg. Wat sinn hier Aktivitéiten an firwat brauchen se dofir 23 Bréifkëschten? Wat mëscht JBS an Brasilien?
Den Energy Charter Treaty ass en internationalen Traité deen net besonnesch bekannt ass, momentan awer staark an der Kritik steet, well en no der Meenung vun ville ONGen déi essentiell wichteg Energietransitioun blockéiert an erschwéiert. Mam Pia Eberhardt, enger renomméierter Expertin, schwätzen ech zu dësem Thema.
Dësen Interview soll net den Rassismus erklären, dat ass an den leschten Joren genuch gemaach ginn, mä den Diskurs iwwert Rassismus. Den Interview orientéiert sech un dësem Text vun der Antirassismus-Trainerin Tupoka Ogette.
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert hier NGO Accion Ecologica am Ecuador. Sie setzt sech fir d’Rechter vun der Natur an a schafft zesumme mat den indigene Bevëlkerungen am Ecuador.
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert d’Initiative pour un devoir de vigilance zu Lëtzebuerg, déi rezent Entwécklungen, d’Kandidatur vun Lëtzebuerg fir en net-permanenten Setz am UN-Mënscherechtsrot an déi politesch Aarbecht vun Fairtrade.
Mat mengem Gaascht schwätzen ech iwwert Klimaaktivismus zu Lëtzebuerg virun den Fridays for Future Protesten. Wei een Klimaaktivismus brauch et an der Zukunft an wat heescht d’Ofso vun der COP26 zu Glasgow fir d’Klimapolitik op der Welt?
Mat mengen zwee Gäscht schwätzen ech iwwert jonken Klimaaktivismus, Klimaaktivismus am Joer 2020, nei digital Protestformen an wei den Klimaaktivismus vun der Zukunft kéint ausgesinn.
Gaascht: Michelle Dammé
Parole: Daat mat der Flugscham verstinn ech einfach net. Firwat soll ech mech schummen mam Fliiger ze fleien, den Fliiger flitt dach egaal op ech dran setzen.