loader image

Radio ARA

Tom

Tom

Profile Info

About this Host


Mat Lost in Music am Graffiti-Nomëtteg Programm vum Radio ARA huet den Tom – zesumme mam Hans – ugefaangen, Radio ze maachen. Säithier hunn sech seng Radio-Weeër an all Richtunge gestreet – déi hien och bei e kommerziellen Radio ewéi och bei d’ëffentlech-rechtlech Antenne bruecht hunn. An et war do, wou déi éischt Iteratioun vum Fréie Villchen – den Early Bird – iwwer Antenne gaangen ass. Mee d’Liewen an de Covid haten hir eege Pläng, an esou huet den Tom mam Fréie Villchen an der Täsch nees de Wee bei den ARA fonnt a mécht mat senger Emissioun de Sonndes-Programm vum Radio op.