About this Episode
34 Méint ass déi duerchschnëttlech Zäit, déi et dauert, bis Leit mat engem Status vum Flüchtling oder der internationaler Protektioun eng Decisioun kréien, ob de Regruppement familial geneemegt gëtt. Dat ass déi eenzeg legal Method, fir datt Famillen erëm zesummegefouert kënne ginn. Dacks waarde Mammen oder Pappen also jorelaang, bis de Lëtzebuerger Staat decidéiert, ob si hir Kanner erëm däerfe gesinn. Wéi wann déi Situatioun net scho schlëmm genuch wier, wëll d’CSV-DP-Regierung d’Reegelen elo nach méi streng maachen. D’woxx-Journalistin María Elorza Saralegui huet mat Flüchtlinge geschwat an erkläert am Podcast, wéi schwiereg et ass, ee Regruppement familial ze kréien a wat d’Regierung elo vir huet.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Regroupement familial : Iels attendent toujours
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]

