loader image

Radio ARA

Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg?

Episode Info

Show: Am Bistro mat der woxx
Episode Number: 361
Broadcasted: 18:00
  on 21st November 2025

 

About this Episode


Am Bistro mat der woxx
Am Bistro mat der woxx
Wisou ginn et esou vill aarm Leit zu Lëtzebuerg?
Loading
/

Ronn ee Fënneftel vun der Bevëlkerung ass dem Risiko vun Aarmut ausgesat – an dat am räiche Lëtzebuerg. D’Melanie Czarnik huet méi genee zu dem Thema recherchéiert an erkläert am Podcast, wisou elengerzéiend Eltere besonnesch betraff sinn, a wisou de Phänomen vun den “working poor” ëmmer méi grouss gëtt. Et geet awer net just ëm eng Bestandsopnam, mä och ëm d’Scheier tëscht aarm a räich, déi zu Lëtzebuerg ëmmer méi grouss gëtt – an dat net ouni Konsequenze fir de sozialen Zesummenhalt. Natierlech steet beim Thema Aarmut och de Wunnengsmaart um Programm, an d’Fro, wéi vill Hëllefe vum Staat wierklech bewierken.

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Armut: Die Kluft wächst

Show
 
 

  • All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *