Radio ARA

Wisou d’Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass

Episode Info

Show: Am Bistro mat der woxx
Episode Number: 399
Broadcasted: 18:00
  on 11th September 2026

 

About this Episode


Am Bistro mat der woxx
Am Bistro mat der woxx
Wisou d'Inklusioun an der Schoul nach ëmmer schwiereg ass
Loading
/

Deemnächst geet d’Schoul erëm un. Mä net fir all d’Schüler*innen ass et d’selwecht einfach oder schwéier, an der Schoul matzekommen. Et gëtt an de Lëtzebuerger Schoulen ëmmer méi Personal, fir Schüler*innen mat spezielle Besoinen ze ënnerstëtzen. Mä dat eleng geet awer net duer, an nach ëmmer schwätzen Elteren, Léierpersonal a Gewerkschafte vu villen Problemer. Pünktlech zur Rentrée huet sech d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras mat dem Thema beschäftegt a mat verschiddenen Leit vum Terrain geschwat. Am Podcast erzielt si, wat bei hirer Recherche erauskomm ass – ënnert anerem och, datt et ganz ënnerschiddlech Opfaassungen dovunner gëtt, wat Inklusioun an der Schoul iwwerhaapt ass a wat se leeschte soll.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Élèves à besoins spécifiques, école à besoins urgents

Show
 
 

  • All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]