Radio ARA

Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?

Episode Info

Show: Am Bistro mat der woxx
Episode Number: 400
Broadcasted: 18:00
  on 18th September 2026

 

About this Episode


Am Bistro mat der woxx
Am Bistro mat der woxx
Wéi vill Rechenzentre kommen op Lëtzebuerg?
Loading
/

Den „Data Center“ vu Google zu Bissen ass vill an der Kritik. Et ass warscheinlech de gréisste Rechenzenter, deen zu Lëtzebuerg gebaut gëtt. Wisou „warscheinlech“? Ma well et net kloer ass, wat alles geplangt ass. De Stroumnetzbedreiwer Creos huet zwar Donnéeën iwwer geplangte Projeten, mä déi si geheim fir de Grand Public. Dobäi ginn et vill Grënn, géint Rechenzentren ze sinn: de grousse Stroumverbrauch, den dacks immense Waasserverbrauch, ausserdeem gi Fläche versigelt an als Killmëttel kommen Eiwegkeetschemikalien zum Asaz. An dëser Episod vum Podcast schwätze mir doriwwer, wat fir Donnéeën et iwwert existéierend Rechenzentren zu Lëtzebuerg gëtt, wéi vill Energie déi verbrauchen, wat fir Firmen nieft Google nach esou Projete plangen an op mir och am Grand-Duché wäerte Protester dogéint gesinn.
Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Das Schweigen der Cloud

Show
 
 

  • All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]