loader image

Radio ARA

Wat Schwätzt Du?…Et kann ee staark sinn ouni Gewalt

Wat Schwätzt Du?…Et kann ee staark sinn ouni Gewalt

Episode Info

Show: Wat Schwätz du?
Episode Number: 1
Broadcasted: 16:00
  on 17th October 2025

 

About this Episode


Wat Schwätz du?
Wat Schwätz du?
Wat Schwätzt Du?...Et kann ee staark sinn ouni Gewalt
Loading
/

An dëser éischter Episode vum Podcast Wat Schwätz Du? geet et ëm eng haart Thematik: Gewalt. Wou gëtt Gewalt erliewt, wisou geschitt se, an ass si iwwerhaapt néideg? Wéi fënnt een zréck zueneen an zu sech selwer, wann een Gewalt als Äntwert uwändt?

Vun Microtrottoir-Andréck bis zu Gespréicher mat eisen Invitéen Michael, Nico, Steve a Jackson, tausche mir eis iwwer verschidde Forme vu Gewalt aus a wat se mat sech bréngen. Daniela Cabete vum Service Riicht Eraus bréngt eng aner Perspektiv an dës Diskussioun a weist, datt d’Fäegkeet zu Gewalt méi no bei eis läit, wéi mer denken.

Lauschtert eran fir ze entdecken, wéi si dëst Thema gesinn, an wann dës Thematik dech betrëfft, kanns du dech bei folgende Servicer mellen:

Infomann ass eng Berodungsstell fir Männer a schwierege Liewenssituatiounen. Du kanns Si ereeschen um 27 49 65, op info@infomann.lu oder um 39, rue de Bouillon an der Stadt Lëtzebuerg.

Riicht Eraus vun der Croix – Rouge ass eng Ustellplatz fir Täter vun Häuslescher Gewalt. Du kanns Si ereeschen um 27 55 58 00, op riichteraus@croix-rouge.lu oder um 13, Rue de Bragance an der Stadt Lëtzebuerg.

Show
 
 

No Shows were found to display.