
About this Episode
Virun engem Joer waren den Nico, den Diogo an de Steve alleguer op der Strooss. Haut gesäit hir Situatioun ganz anescht aus: Ee vun hinnen ass nach ëmmer ouni feste Wunnsëtz, déi aner zwee hunn an deem leschte Joer nei Weeër ageschloen. Fir déi eng ass d’Verännerung also direkt siichtbar, fir déi aner vläicht manner – mee jidderee vun hinnen huet an deem leschte Joer seng eege Schrëtt gemaach.
An dëser Episod kucke si zesummen op déi lescht 12 Méint zeréck: Wat huet sech verännert? Wéi eng Milestones hu si erreecht a wat huet hinne gehollef, weiderzekommen? A wéi eng Valeuren si fir si haut wichteg?
Eng éierlech Reflexioun iwwer ee Joer voller Erfarungen, kleng a grouss Fortschrëtter an d’Fro, wat et eigentlech heescht, sech ze veränneren.
