
About this Episode
Bildung ass e Mënscherecht. Trotzdeem gëtt ville Mënschen op der Welt dëst Recht verwehrt. Kanner a Jugendlecher zu Lëtzebuerg hunn e fräien Zougang zu Bildung. Nieft etleche staatleche Schoule gëtt et awer och eng Rei Privatschoulen, fir déi ee bezuele muss. Eng dovun ass d’Waldorfschoul um Lampertsbierg. Wéi de Bezuelsystem funktionéiert, héiert een am Bäitrag. Am Gespréich mat der Schülerin Lorelei Ramaekers, dem sougenannte Klassenlehrer fir déi méi Kleng Helge Schuh, der Lycéesproff Elena Gadzeva an der Pressespriecherin Maria-Eugenia Beirer geet et awer virun allem dorëms, wéi Bildung am Kader vun der sougenannter Waldorfpädagogik ëmgesat gëtt.
-
Graffiti Talks Wat mécht d'Waldorfschoul zu Lëtzebuerg aus? En Abléck aus véier verschiddenen Perspektiven Play Episode Pause Episode 1x 00:00 / 00:46:21 Subscribe RSS Feed Play in new window | Duration: 00:46:21GRAFFITI TALKS ass Informatiounssendung am Graffiti […]