About this Episode
Zanter 1995 fuere Leit aus der Belsch ënnert dem Numm Dynamobile zesummen an d’Vakanz – mam Vëlo. Néng Deeg laang si ronn 130 Leit op zwee Rieder ënnerwee, ënnert hinnen och vill Kanner. Dëst Joer fiert hir Expeditioun duerch Lëtzebuerg, an d’woxx-Journalistin Yolène Le Bras huet si getraff. Am Podcast erkläert si, wisou grad déi intergenerationell Approche sou interessant ass, a wisou dës Vëlos-Vakanz och eng politesch Dimensioun huet.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Dynamobile : Une vague de cyclistes intergénérationnelle
Déi nächst Editioun vun der woxx kënnt den 21. August eraus. Dofir gëtt et och da réischt erëm eng Episod vun eisem Podcast. Mir wënschen iech zwou flott Summerwochen!
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]


