loader image

Radio ARA

Realitéit vu Persounen am autisteschen Spektrum

Realitéit vu Persounen am autisteschen Spektrum

Episode Info

Show: 12 Méint – 12 Geschichten
Episode Number: 4
Broadcasted: 16:00
  on 2nd April 2026

 

About this Episode


12 Méint - 12 Geschichten
12 Méint - 12 Geschichten
Realitéit vu Persounen am autisteschen Spektrum
Loading
/

Autismus ass en eeschten Handicap, deen net heelbar ass a vun deem eleng hei zu Lëtzebuerg méi wéi 6000 Persoune betraff sinn. Vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) gëtt Autismus méi präzis als eng déif gräifend neurologesch Entwécklungsstéierung definéiert. An éischter Linn weise Mënsche mat Autismus Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob. Weider Symptomer kënne stereotypesch Verhalensweisen an ausgepräägt Spezialinteresse sinn.

Allerdéngs ass Autismus e ganz breede Spektrum, dee bei all Persoun ënnerschiddlech Auswierkunge kann hunn. Woubäi déi eng Persoune just a verschiddene Beräicher bestëmmte Probleemer hunn, sinn déi aner Persoune ronderëm d’Auer (24/7) op Ënnerstëtzung vun enger zweeter Persoun ugewisen a mussen hiert Liewe laang an enger spezieller Wunnstruktur fir Mënsche mat Autismus betreit ginn.

De Service Diagnostique vun der Fondation Autisme Luxembourg ass dofir do, fir wann eng Persoun sech d’Fro stellt, op si eventuell kéint am Spektrum vum Autismus sinn.

Stëmme vun denen betraffenen Persounen, goufen vu de benevol Radiomoderatoren -Innen zur Verfügung gestallt.

Show
 
 

No Shows were found to display.