
About this Episode
An dësen Interviews riichten mir eise Bléck op romantesch Bezéiungen tëschent autisteschen an awer och net-autistesche Persounen.
Autistesch Persoune ginn oft als bezéiungsonfäeg an als op sech bezunnen Eenzelgänger ugesinn. Mä, wéi blécke si tatsächlech op Partnerschaften?
Fondation Autisme Luxemburg (FAL) huet mat verschiddene Mënschen aus dem Autismus-Spektrum iwwert hir Erfarungen am Beräich vun der Léift a romantesch Bezéiunge geschwat. Et war hinnen awer wichteg kloerzestellen, datt si just aus hirer eegener Erfarung schwätzen an dës Aussoen op kee Fall fir all betraffe Persoun gëllen.
Stëmme vun denen betraffenen Persounen, goufen vu de benevol Radiomoderatoren -Innen zur Verfügung gestallt.


