loader image

Radio ARA

Kulturpass Interview mam Céline a Luis

Kulturpass Interview mam Céline a Luis

Episode Info

Show: Graffiti Talks
Broadcasted: 14:00
  on 29th May 2026

 

About this Episode


Radio ARA
Radio ARA
Kulturpass Interview mam Céline a Luis
Loading
/

Um Freideg, den 29. Mee, waren d’Céline an de Luis bei Graffiti op Besuch, fir eis de Kulturpass méi no virzestellen an eis ze erklären, wéi dësen den Accès zu kulturellen Aktivitéite fir jiddereen erliichtere soll.

Aus dësem Gespréich huet sech séier eng spannend a villfälteg Diskussioun entwéckelt, déi iwwer de Kulturpass erausgaangen ass. Zesumme hu mir iwwer de Stellewäert vun der Kultur an eiser Gesellschaft geschwat, iwwer hir Bedeitung fir den sozialen Zesummenhalt an d’perséinlech Entwécklung, mee och iwwer d’Fro, wéi zougänglech kulturell Offeren tatsächlech fir all Mënsch sinn.

Dobäi hu mir eis och domat beschäftegt, wéi eng Barrièrë bestinn, déi verschidde Leit dovun ofhalen, um kulturelle Liewen deelzehuelen, a wéi Initiativen ewéi de Kulturpass dozou bäidroe kënnen, dës Hürden ofzebauen. Et ass e Gespréich entstanen, dat gewisen huet, datt Kultur vill méi ass wéi Fräizäitgestaltung: si ass e wichtege Bestanddeel vun engem oppenen, inklusiven a liewege gesellschaftleche Mateneen.

Show
 
 

  • Radio ARA Kulturpass Interview mam Céline a Luis Play Episode Pause Episode 1x 00:00 / 00:58:22 Subscribe RSS Feed Play in new window | Duration: 00:58:22GRAFFITI TALKS ass Informatiounssendung am Graffiti Programm. Hei fannt der […]