
About this Episode
/
RSS Feed
Mir däerfen haut eisen éischte Gaascht fir en Interview begréissen: de Raphaël Lecat, en zu Paräis gebuerenen an a Singapur obgewuessenen Schauspiller. Hien hat bei Sabaton eng ganz besonnesch Aufgab: Hie stoung als Napoleon Bonaparte op der Bühn an ass dobäi souwuel als Showact viru Sabaton zesumme mat anere historesche Charakteren, wéi och während dem Lidd „I, Emperor” vum neien Album „Legends” opgetrueden.
An dësem Interview erzielt de Raphaël, wéi et iwwerhaapt zu senger Roll komm ass, wéi et ass, mat Sabaton op Tour ze goen, wat seng perséinlech Liblingslidder vun der Band sinn, a villes méi.
Vill Spaass bei der zweeter Episod vu Symphony of Distortion!
Show
No Shows were found to display.


