loader image

Radio ARA

Interview mam Korrespondent Leonardo Kahn – E Gespréisch tëscht 3 Leo’en

Interview mam Korrespondent Leonardo Kahn – E Gespréisch tëscht 3 Leo’en

Episode Info

Show: Graffiti Interns
Broadcasted: 15:00
  on 9th April 2026

 

About this Episode


Graffiti Talks
Graffiti Talks
Interview mam Korrespondent Leonardo Kahn - E Gespréisch tëscht 3 Leo'en
Loading
/

Wien bei Graffiti – de Jugendsendungen um Radio Ara e Stage mëscht, dierf méi maache wéi just deenen Aneren iwwer d’Schëller ze kucken. Dat hunn eis Leo’en am Doppelpack sech net zweemol soe gelooss. Direkt den éischten Dag hunn si hir éischt Schrëtt am Opnahmestudio gemaach. De Leo an de Leo konnten sech selwer ophuelen a kucken, wéi een eenzegaartegen Timber hir Stëmm huet. Um Plang stoung nieft enger Livesendung awer och e groussen Interview. Si hunn sech en Aktualitéitssujet erausgesicht a wollten sech mat engem vun de sëlleche Kricher beschäftegen, déi d’Welt am Moment beweegen. Vu dass Jonker bei Graffiti natierlech och eppes iwwer Journalismus kënne léieren, ass dunn de Choix op en Interviewpartner gefall, deen op der Schnëttstell tëscht Journalismus a Krisegebidder schafft. De lëtzebuergesche Journalist Leonardo Kahn bericht aktuell als Korrespondent aus Tel Aviv fir den 100,7 an d’Handelsblatt. D’Leo’en hunn sech am Viraus souwuel mam Leonardo Kahn sengem Profil wéi och mat senger Aarbecht beschäftegt. Ausserdeem hunn si sech der Erausfuerderung gestallt, sech iwwer de laangjärege Konflikt am Noen Osten ze informéieren.  Am Uschloss hunn si d’Froen un de Leonardo Kahn selwer konzipéiert, den Interview per Videocall duerchgefouert an d’Postproduktioun louch och an hirer Hand. D’Resultat vun deem Prozess héiert dir an dësem Bäitrag. D’Ekipp vu Graffiti seet hinne Merci fir hir impressionant Aarbecht. Merci och dem Leonardo Kahn, deen sech d’Zäit geholl huet, hir Froen ze beäntwerten.
Foto © Leonardo Kahn

Show
 
 

No Shows were found to display.