
About this Episode
Filmreakter Youth Project ass e Projet bei deem et drëms geet
Jugendlechen a jonken Erwuessenen de Medium Film op eng net elitär
Aart a Weis nozebréngen. D’Iddi ass et, hinnen d’Méiglechkeet ze
ginn e Film vun A-Z matzerealiséiren an déi Geschichten ze
verzielen déi hinne wichteg sinn.
De Projet gëtt ëmmer méi grouss, an ass immens beräicherend, a
wat eis feelt, ass eng Plaz wou mir eis richteg ariichte kënne,
Computere mat Schnëttprogrammer zur Verfügung stellen, eis
Mediathéik ëffentlech maachen kënnen, an zu all Moment Workshops
an deene verschiddenen Filmsparten ubidde kënnen.
Eis Visioun ass et fir an noer Zukunft eng Plaz fir Jonker an der
Staat z’implementéiere wou eis Léift fir de Kino an
d’Kreativitéit am Alldag gedeelt a gelieft ka ginn, an och fir déi
zougänglech ass, déi net esou vill Ressourcen hunn.
Foto: Nora Wagner
-
Graffiti Talks Filmreakter Youth Project Play Episode Pause Episode 1x 00:00 / 00:16:22 Subscribe RSS Feed Play in new window | Duration: 00:16:22GRAFFITI TALKS ass Informatiounssendung am Graffiti Programm. Hei fannt der e ganzen Koup […]


