loader image

Radio ARA

Ëmmer online – wien kontrolléiert wien? – ZEV

Ëmmer online – wien kontrolléiert wien? – ZEV

Episode Info

Show: Parlons-en!
Episode Number: 19
Broadcasted: 14:00
  on 29th June 2026

 

About this Episode


Parlons-en!
Parlons-en!
Ëmmer online - wien kontrolléiert wien? - ZEV
Loading
/

Den Handy an der Hand direkt nom Erwächen, Notifikatiounen déi sech usammelen, Videoen déi een „just 5 Minutten” kucke wëll … an op eemol ass eng Stonn vergaangen.

An dëser neier Episod schwätze mir zesumme mam Charlotte vum ZEV (Zenter fir exzessiivt Verhalen a Verhalenssucht) iwwer eis Relatioun zu Smartphones a soziale Medien.
Firwat ass et heiansdo esou schwéier, den Handy op d’Säit ze leeën?

Wéi geléngt et de soziale Medien eis Opmierksamkeet ze fänken?

Wéini gëtt aus enger Gewunnecht eng Ofhängegkeet?

 

Duerch eis Gespréicher invitéiert dës Episod dech dozou, iwwer däin digitale Konsum nozedenken – ganz ouni Scholdgefill.

Sozial Medie kënnen eng flott Méiglechkeet sinn, fir mat aneren a Kontakt ze bleiwen, eppes Neies ze léieren oder kreativ ze sinn.

Gläichzäiteg kënne si awer och de Besoin no permanenter Unerkennung, de Verglach mat aneren oder de FOMO (Fear Of Missing Out) verstäerken an dozou féieren, datt mir d’Kontroll iwwer eis Online-Zäit verléieren.

Säi digitale Liewen ze schützen heescht och, sech selwer ze schützen.

 

Heiansdo eng Paus maachen, Notifikatiounen ausschalten, den Handy virum Schlofe goe fortleeën, Zäit mat Frënn a Famill verbréngen oder enger Aktivitéit nogoen, déi engem gutt deet – all dat si kleng Self-Care-Gesten, déi zu méi Gläichgewiicht a mentalem Wuelbefanne bäidroe kënnen.

 

 

Brauchs du Hëllef oder Berodung ronderëm en exzessive Gebrauch vu soziale Medien, P0rn0, Videospiller oder aner süchteg Verhalensweisen?

De ZEV ass do, fir nozelauschteren an dech ze begleeden. Méi Informatiounen: www.zev.lu

Show
 
 

No Shows were found to display.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *