About this Episode

Kuerz virun Enn vu senger Präsidentschaft huet de Joe Biden nach eng Kéier säfteg Sanktioune géint Russland beschloss. Den Donald Trump schéngt dat net ze steieren, hien huet dem Putin mat nach méi Sanktioune gedréit, sollt de Krich an der Ukrain net geschwënn zu Enn sinn. Ee gudde Moment also, fir sech unzekucken, wat déi Sanktioune genee sinn a wéi se wierken. An Russland gëtt et zwar eng Zort wirtschaftleche Boom, mä trotz niddreger Aarbechtslosegkeet an héije Léin kënne sech vill Leit d’Liewen net leeschten. Wisou dat esou ass, erkläert den Thorsten Fuchshuber an dëser Episod vum woxx-Podcast.
Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn: Russland und die US-Sanktionen: Kannibalisierende Kriegswirtschaft
-
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. […]