PFAS: Geféierlech Verbindungen an héich Interessen
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Reemantel, am Krunnewaasser – an an de Comitéen zu Bréissel. D’PFAS-Chemikalien, och „Ewigkeitschemikalien“ genannt, sinn net nëmmen iwwerall an eiser Ëmwelt, mee och an de Netzer vun der Industriepolitik vertratt. An dëser neier Episode vun Am Bistro mat der woxx schwätze mir iwwert d’Herkunft vun de PFAS, hir Gesondheetsgeforen an déi massiv Lobbyaarbecht, déi dozou bäidréit, dass déi geféierlech Stoffklas nach ëmmer net konsequent ageschränkt gouf. Mir zéien e Fazit vun eisem véierwochenege PFAS-Dossier a kucken no vir. Lauschtert […]



