Kënschtlech Intelligenz a Musek: Wien spillt hei eigentlech?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Musek, déi net méi vu Mënschen, mee vun Algorithme komponéiert gëtt, ass längst am Alldag ukomm. Op Streaming-Plattformen zirkuléieren ëmmer méi Lidder, déi ganz oder deels vu kënschtlecher Intelligenz generéiert sinn – dacks ouni datt d’Lauschterer*innen dat iwwerhaapt mierken. Wat heescht dat fir eis Relatioun zur Musek? Ass et egal, wien (oder wat) e Song produzéiert huet? A wat bedeit dës Entwécklung fir Museker*innen, déi vun hirer Aarbecht liewe wëllen? Iwwer KI-generéiert Musek an d’Zukunft vum Musekschafen schwätzt d’Melanie Czarnik mat […]