loader image

Radio ARA

COP30

D’COP30 ass eriwwer – eis Bilanz

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Bei der 30. Klimakonferenz am brasilianesche Belém gouf vill erwaart – an d’Enttäuschung war um Enn entspriechend grouss. Chaotesch Verhandlungen, eng ëmmer méi dominant Fossillobby an en Ofschlusstext, deen sech op dat absolut Minimum beschränkt. Dobäi war et grad eng COP, déi Raum fir Protest, Diversitéit an eng staark Stëmm vun indigenen Communautéiten hätte bidden. Trotz e puer klengen Erfolleger bleift vill onsécher: keen kloeren Ausstieg aus de fossillen Energien, kee Fortschrëtt beim Waldschutz an eng ganz EU, déi sech […]

Vum Kyoto-Protokoll bis COP30

Am Bistro mat der Woxx Episod 358 – Vum Kyoto-Protokoll bis COP30 All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel. Am Dezember 2015 gouf zu Paräis e Klimaaccord beschloss, dee weltwäit Hoffnungen ausgeléist huet. Zéng Joer méi spéit ass vun där Euphorie wéineg iwwreg – d’Klimaziler ginn ëmmer nach verfeelt, an och Lëtzebuerg huet seng Emissiounen eréischt an de leschte Joren däitlech reduzéiert.D’Journalist*innen Joël Adami a Maria Elorza kucken zeréck op d’Geschicht vun de COP-Konferenzen – vum Kyoto-Protokoll bis Paräis – a erklären, wou d’Welt haut steet an