Ouereschlëffer – Cycle 4.2 Albert Wingert Schoul Schëffleng
Verschidde Schüler vum Cycle 4.2 aus der Albert Wingert Schoul vu Schëffleng hunn eng éischte Kéier beim Projet Ouereschlëffer vu Radio ARA matgemaach. Déi éischt dräi Schüler waren den Emin, de Sam an de Matteo. Si interesséiere sech fir déi Kënschtlech Intelligenz a wollte gär mat engem Expär en Interview driwwer maachen, dee si dräi an der Schoul zesumme virbereed hunn. De Christoph Schommer an de Christophe Friezas schaffen allebéid op der uni.lu an hu sech mat deem Thema scho vill beschäftegt. Mär soen hinne villmools Merci, datt si sech fir déi dräi Schüler sou vill Zäit geholl hu, fir […]



