Antirassismus: E Plang ouni Bëss?
All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.D’Regierung huet de laang erwaarten nationalen Aktiounsplang géint Rassismus virgestallt – e Plang, deen no bal 50 Joer ICERD-Ratifikatioun endlech konkret Politik versprach hätt. Mä d’Reaktioune ware séier kloer: ze wéineg Verbindlechkeet, ze vill Lück, a kee kloert Verständnis dovun, wéi systemesche Rassismus a Luxemburg wierklech funktionéiert. An dëser Episod schwätzt d’Melanie Czarnik iwwer déi gréisste Schwachstellen: feelend Intersektionalitéit, e Kultursecteur, deen am Plang kaum virkënnt, an eng Strategie, déi vill sensibiliséiert, mee wéineg verpflicht. Den Artikel, iwwert dee mir geschwat […]



