Special 1984

De Freiden Owend vum 7. Juni 2024 steet ganz am Zeechen vum Joer 1984 Vun 20:00 bis 21:00 Auer: Prog Rock – “Special 1984” Lauter Titelen aus dem Progressive Rock Beräich, déi 1984 verëffentlecht goufen. Vun 21:00 bis 24:00 Auer: Visions of the Past – Special “viru 40 Joer” Mat méngen üblechen Invitéen: Thaddée, Dave an Tom. Eng Spezialemissioun, déi schonns Traditioun huet. Méng Invitéen hu, wéi all Joer, Carte Blanche fir d’Programmatioun vun dësen 3 Stonnen, wou si hir “musikalesch” Siicht op d’Joer 1984 zum Beschte ginn.